All News
Let's spooky
20.10.2023Breedewee
An enger flotter Zesummenarbecht mat den Elteren/Famillen hun mär eis Maison Relais fir Halloween dekoreiert. D'Kanner konnten gemeinsam mat hieren Elteren, Grousselteren an Geschwester Kürbissen schnitzen an bemolen, dobai wuar der Kreativiteit keng Grenzen gesaat :)
Recap Talentshow Woch 2
19.10.2023Grand Rue
Och an deser Woch stung erem Talentshow um Programm. Alleguer d'Kanner wou matgemaach hun sinn och an dei 2. Ronn komm. Hei gesidd der rem puer Andréck vun deser Woch.
Plan d'activités pour les vacances de toussaint
16.10.2023Kanalstrooss
Highlander
Chers parents,
Voici le programme pour les vacances de toussaint à la Maison Relais Highländer.
Nous vous souhaitons de bonnes vacances. :)
Plan d'activités pour les vacances de Toussaint
13.10.2023Breedewee
Grand Rue
Chers parents,
Voici le programme d'activités pour les vacances de toussaint à la Maison Relais Grand-Rue.
Nous vous souhaitons à tous de bonnes vacances.
Reckbleck op d'Woch vum 9ten Oktober
13.10.2023Breedewee
Hei e klengen Reckbleck op eng flott Woch wou d'Kanner de Sonnensystem an d'Planeiten am Science Center entdecken konnten.
Kreativiteit stung och um Programm : sie hun Braceleten, Ketten an Ouerreng gebastelt an d'Haus na e bessen fir Halloween dekoreiert :)
Andréck vun deser Woch 09.10 - 13.10
13.10.2023Grand Rue
Um Plang des Woch stoungen erëm richteg vill flott Aktivitéiten a Projeten. Et gouf erëm ganz vill gebastelt vir Halloween, an eise Konschtsall gouf an engems mat schéin dekoréiert. Et stoungen och vill Beweegungsspiller um Plang wei zb Zombie Ball, verschidde Koordinatiounsspiller, Stoppdance, en Tic Tac Toe am Groussen oder "The Floor is lava". Och am kreative Beräich hunn mer villes proposéiert. Vun Geschichten erfannen, Bauaktivitéiten bis Molaktivitéiten war e bëssen vun allem dobäi. Och eis Projeten ewéi Talentshow, Musikprojet oder Gebärdensprooch hunn erëm stattfonnt. Hei op de Biller gesitt der eng kleng Zesummenfaasung vun dëser Woch.
Andréck vun der Woch vum 02.10 bis den 06.10
06.10.2023Grand Rue
Des Woch stoungen erëm vill interessant Aktivitéiten a Projeten um Programm. Kanner haten eng grouss Auswahl vu verschiddenen Aktivitéiten an de verschiddenen Säll. Am Stage huet zb Mëttwochs Talentshow stattfonnt a Kanner konnten sech Méindes ob hier Performance virbereeden. Am Mediasall hu mer op de Computere Recherchë gemaach, verschidden Aarte vu Quizzer a Fotoe vun de Casë goufen do ausgedréckt. An der Bibliothéik goufe Projete Gebärdensprooch a Musek gemaach. Et goufen och Geschichte virgelies oder erfonnt a Kanner konnten hei richteg kreativ ginn. Och Gesellschaftsspiller hu mer ugebueden. Well vill Kanner och de Besoin hunn an enger roueger Atmosphäre mateneen ze schwätzen oder och mat den Educateuren ze schwätzen, haten mer dann och eng "table de discussions" des Woch.
Am Bausall goufe rëm Bauconcourser gemaach. Op Tierm oder Haiser bauen, och hei konnt all Kand frei entscheeden, wat se Loscht ze bauen hunn. Am Konschtsall hu mer weider Gas gi mat eiser Halloween Deko. Hei komme mer ganz gutt weider a mer si scho bal prett vir Halloween. Als Ofwiesslung vum Halloween bastele goufen och Steckbreifer vun de Kanner am Konschtsall gemaach an zuguer Selfmade Plasteline.
Am Beweegungsraum war da méi Aktioun. Vun Dr. Doom, Lets Move bis Zombie Ball war bëssen alles dobäi. Vir e bësse kennen ofzeschalten hu mer och Yoga ugebueden.