Infos parents
Kalenner
Zum KalennerNeiegkeeten
- Brouch
An der Mëttesstonn an der frëscher Natur
An der Mëttesstonn een Stëck Natur z‘erlierwen deet ëmmer gudd. Entspaanung an Spaass pur ! :) - Brouch
Mir bastlen zesummen eng Jickenbunn (Update 09.03.2018)
All Méinden an den Mëttesstonnen, bauen an bastlen mir zesummen mam Cathy un eiser Jickenbunn bis des ferdech ass.
—> Am Bastelsall, dem Konschtatelier
D‘Fotoen vun all Woch kommen hei opp deser Plaatz no. - Brouch
Experimenter , all Mëttwoch Mëtten
All Mëttwoch an der Mëttesstonn gëtt et mysteriös an spannend matt engem neien Experiment.
Hei heecht et entdecken, ausprobéiren, mattmaachen, staunen an laachen.
Den Numm as Programm ! All Mëttwochs daerf an der Mëttesstonn experimentéiert gin !
D‘Fotoen kommen all Woch opp deser Plaatz hei no. - Brouch
Afterworks an der Maison Relais HIGHLANDER (Datumer)
Losst irch iwwerraschen an verwinnen opp den Afterworks vun der Maison Relais Highlander.
Passend zu wiersselnden Themen fannt dir lecker Fingerfood , Gedrënks, alkoholfrei Cocktails, Dekoratioun an Musikk. Heibei kënnt dir net nëmmen relax iessen an drënken, mais och an entspaanter Athmosphär matt aaneren Eltren an matt der Erzéierequipe schwetzen.
Mir wënschen vill Spaass :) - Brouch
Wir backen Regenbogenmuffins
Backen mit Lejla
Wir haben leckere Regenbogenmuffins gebacken.
Gemeinsam mit sechs Kindern haben wir uns die Arbeit aufgeteilt und haben selbständig die Zutaten zusammengemischt.
Am meisten mochten wir es, die Muffins zu dekorieren :) - Brouch
Samett-Mandala
Nodeems sech d‘Kanner roueg, entspaant an gemiddlech am Expressiounssall (Musikksall) dohin geluecht hun, duurft all Kannt een nom aaneren sech een Mandala aus Samett eraus sichen. Heibei stungen verschidden Mandalas zum Thema „Déiren“ zur freien Verfügung. Duerno kruut all Kannt eng sëllechen verschidden Faarwen virun sech hin geluecht, an soubaal et roueg am Sall war , as entspaanend Musikk matt Naturkleng an Dëierengereischer ungaangen.
All Kannt duurft sein SamettMandala sou moolen wéi et wollt an fir d‘Aktivitéit as et keng Zeitdauer respektiv keen Zeitlimit gin fir bechtméiglechst entspaanen ze kënnen.
