Infos parents
Kalenner
Zum KalennerNeiegkeeten
- Galaxy
Mir hun Pita gebaak
Mir hun zesummen mam Ramka Pita gebaak. Pita ass eng traditionell balkanesch Spezialiteit. D'Ramka huet eis gewisen wei daat geet. - Galaxy
Sport an Spaass an der Lasep
Zesummen mam Jérôme waren mir , d‘Kanner vum Cycle 2 an Cycle 3 opp Lalleng an d‘Lasep. D‘Thema des Këier war Handisport wou mir vill flott an oofwiersslungsreich Sportaktivitéiten anhand vun Ateliers gemaach hun. Vun Kriebsenfussball (Aarschball) , zu Basketball am Rollstull, zu Pfeilschéissen, bis hin zu Gereischhockey fir nëmmen e pue puer Saachen ze nennen, haaten mir een super Mëtten an der LASEP ESCH. - Galaxy
Fuessparty an der Maison Relais Highlander
Leschten Freiden virun der Fuessvakanz , waat heecht daat ?
NATIERLECH FUESSPAAAAAARTY !!
All zesummen hun mir eng dëck Party gefeiert. Selbstverstendlech dierfen do Knabbereien wéi Chips, Schokola , Lutschen an Kichelcher net fehlen. Awer och Vitaminnen waren anhand vun Geméisdips an Smoothies matt Vanille op der Party.
Well fir opp Fuessmusikk ze danzen mecht schlisslech hongerech an duschtrech :)