Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Freestyle


De sougenannte "Freestyle" ass de musikalesche Atelier vun eiser Maison Relais.
De Fokus an d'Funktioune vun dësem Expressiounsraum sinn danzen, sangen a Musek maachen, souwéi d'Bewegung.
D’Kanner kënne sech duerch Musek, Rhythmus a Gesang musikalesch ausdrécken a sech entwéckelen.
D'Kanner hunn och d'Méiglechkeet sech unzedoen an ënnerschiddlech Rollen ze iwwerhuelen wéi Sänger, Modeller, Museker, asw.
 
E puer Beispiller vu Materialien fir dëse Raum sinn:
  • Museksinstrumenter a Rhythmusinstrumenter
  • Museks System
  • Bühn mat beweeglechen Deeler déi multifunktionell benotzt kënne ginn
  • Verkleedungen