Infos parents
Kalenner
Zum KalennerNeiegkeeten
- Parc Laval
Oueschterkischelcher
Hei ass en Video wou ech selwer den Kanner erklären wei een Oueschterkischelcher baakt.
Vill Spaass! :)
Link vum Video: Oueschterkischelcher - Parc Laval
Aktivitéiten ouni groussen Opwand
Léif Elteren,
héi na zwou kléng Iddien vun Aktivitéiten, déi d'Kanner och gären an der Maison Relais maën, als Iddie fir Oflenkung an ouni Material kaafen ze mussen.- Eng Höhl bauen mat Decken, Këssen, Still, Dëscher, etc.. Der Fantasie sinn keng Grenzen gesaat an d'Kanner zeihen sëch erfahrungsgemäss gären esou zëréck an déi Höhl bidd ee weideren Spillraum fir hir Spillereien an Fantasie. An wann dir nofrot, léisst ärt Kand ierch och bestëmmt an seng Höhl.
- Verkleeden, Modenschau: Dofir braucht dir weider näischt ewéi Zougang op de Kleederschaff. Bidd äre Kanner wann dir wëllt och Kleeder vun ierch un, leet hinnen hir Fues-/Halloweenkostümer eraus. Och héi kënnen d'Kanner sëch super amüséiren an wann dir Zäit an Iddie hutt, kënnt dir mat hinnen spillen an beispillsweis eng Modenschau starten.
Vill Spaass beim Ëmsetzen an ee flotten Ausklang vun der Woch
ärt Cycle 1 Team (Robin Hood an Peter Pan) - Parc Laval
Ertaaschten vun Geigenstänn
Gudde Metteg,
Hoffen et geht Iech alleguerten gut an sid bei gudder Gesondheet.
Heimat proposeiern mir Iech e flott Spill fir d´Zeit mat Äre Kanner mei flott ze gestalten.
Dest Spill nennt sech: Ertaaschten vun Geigenstänn.
Dofir brauch Dir en klenge Säckelchen am beschte Fall, oder awer och eng Kescht, wie Dir et um Bild gesid (zum Beispill eng Schungkescht) wou Dir dann awer nach musst e Lach ausschneiden sou dass d`Kand mat senger Hand duerchkent, fir an d`Kescht ze graifen. Dono kenn Dir flott Geigestänn aus dem Haushalt eraussichen an dei an d`Kescht oder an de Säckelchen ran leen. Ganz flott sin zum Beispill: e Ball, en Ouschterhues, e Kachläffel, e Petzi, e Legossteck, eng Wuerzel... Do Ass der Fantasie freien Laaf geloss.
Befir Dir d`Geigestänn an d`Kescht macht, ass et gut wann der Ärem Kand d`Saachen weißt die Dir erausgesicht hud, an gleichzeiteg a verschiedene Sprochen (multilingual) benennt.
Voller Spannung kann Ärt Kand elo an d`Kescht oder an de Säckelchen graifen an erroden wat de Geigestand ass.
Mir wenschen Iech ganz vill Spass dobai, schein Ouschteren an bleiwt gesond.
Ären Tweetysgrupp - Parc Laval
Colonie Ënsber
An der Fuesvakanz (17-19/02/2020) waren d'Kanner vun de Spillschoulsgruppen Robin Hood an Peter Pan mam Martine a mam Jessica op Ënsber an d'Colonie. - Parc Laval
Kach- a Bakatelier : Wirschtecher a Kéis am Bliederdeeg
Am Kader vun eisem Bak- an oder Kachatelier sinn dësen Dënschden Wirschtecher a Kéis am Bliederdeegmantel um Programm.
Hei kënnen d'Kanner hir Collatioun fir mëttes selwer maachen.
et huet eis och all ganz gutt geschmaacht.