Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Salle Tweety (Créche)

Den Tweety Sall ass a verschidde funktionell Beräicher an Ecker opgedeelt.

Am Baueeck kënnen d'Kanner mat Lego Zille bauen a mat hire Lego Gefierer rondërem fueren. Natirlech kënnen d'Kanner hir Konstruktiounen um Won loossen.

Am Sëtzberäich kënnen d'Kanner entspaanen, Bicher liesen an sech zereckzéien. De Moieskrees fënnt och hei statt.

De Rollespillereck besteet aus enger Kichen. Hei fënnt een vill Kichegeschir wéi och Geméis an Uebst fir d'Spill. Et gëtt och eng Wieg mat Poppen a Kleeder.

Et gëtt och en Eck deen eng Garage an eng Pompjeesstatioun enthält, souwéi vill verschidden Gefierer.

De kreativen Eck steet op engem grousse Regal, wou d'Kanner sech selwer kënnen hëllefen an en Dossier mat Ausmolbiller fannen. Hei ass och e Beräich fir Puzzel a Brietspiller integréiert.