Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Salles Dalmantiner (Créche)

Am Haaptraum befënnt sech e Beräich mat enger Kichen, engem Grill an enger Keess, all mat vill Geschir ausgestatt domat d'Kanner Rollespiller spillen kënnen.

Den Zirkuszelt gëtt benotzt fir d'Fantasie fräi ze loossen. Hei ginn Geschichten erzielt, Magie gemaach, entspaant an et déngt och als Réckzuch.

D'Autoshaus ass op engem Teppech an d'Kanner hunn eng grouss Auswiel u Gefierer.

D'Poppenhaus ass mat klenge Miwwel ageriicht a kann zu all Moment benotzt ginn.

Et gëtt och en Eck deen als Regal déngt. Et ass mat Bicher, Poppen, Puzzelen a Spiller ausgestatt, déi d'Feinmotorik förderen.

Et gin och Tirangen mat Fotoen, sou datt d'Kanner direkt kënnen erkennen wéieng Spillaccessoiren an de Këschte sinn.

De Sall gëtt net nëmmen benotzt fir ze spillen, mee och als Iesszëmmer fir den Dalmatiner Grupp.

 

 

Am zweeten Deel vum Zëmmer (de klengen Säitezëmmer) si grouss Bausteng fir ze bauen. E grousse Spigel hëlleft de Kanner sech selwer besser kennen ze léieren.

De Sofa gëtt benotzt fir ze raschten a Bicher ze liesen.

Et hänken och verschidde Spiller fir d'Feinmotorik un der Mauer, déi d'Kanner zu all Moment benotzen kënne.

An dësem Sall fënnt och de Moieskreess statt, op enger vun den Maueren ass eng Tafel op déier d'Kanner hir Fotoen befestegen kënne.

D'Sieste fënnt och an dësen Sall statt.