Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Salle verte

De grénge Sall ass och e Raum mat funktionellen Ecker.

De grénge Sall gëtt fir fräi Spill genotzt, awer och fir guidéiert Aktivitéiten.

Ennert eng vun de ville Funktiounen gehéiert och den Baueck, mat verschiddene Baumatérialien wéi Schaumstoffbausteng, Kapplasblocken, Legos, an e groussen Teppech.

 

Et gi Rollespiller (Geschäft, Kichen, Verkleedungen an engem oppenen Schaf, Spigelfolie op der Mauer, Spillsaachen fir Dokteren, Coiffeur, Puppelcher, etc.) souwéi Spillsaachen (Barbies, Autoen, Déieren, Poppenhaiser, asw.) fir Rollen ze endecken an ausprobéieren (Familljespiller, Aarbeschtsplazen, verschidden Rollen an der Gesellschaft, alldeeglech Situatiounen, asw.) an dem Kand seng Fantasie ze realiséieren, dat wat e erlieft huet op eng spilleresch Manéier ze veraabechten.

 

Et gëtt och vill Plaz fir motoresch Aktivitéiten souwéi Plaz an Material fir Entspanungssessiounen.