Quiz um Kaffisdësch
13.04.2020Moïeskrees an der Famill
Fir dass de Kanner de Moïeskrees an der Erënnerung bléiwt wär et flott dëst am Familjekrees weider ze féieren.Dir kënnt iëch um Kaffisdësch op verschidden Sproochen begréissen zb.Bonjour, bom dia,kalí méra, dobar den, Moïen an hello, zesummen doheem sin mir all frou.Da fängt ee vun der Famill un a stellt eng Fro zb.Wiën huët haut e bloë Pullover un? Wiën huët brong laang Hoër?oder:Wiën huët e roude Brëll op der Nuës?Deen wou et ass äntwert:Moïen,Moïen ech sin do a stellt die nächst Fro.D'Spill geet esou laang bis sech jiddereen virgestallt huët.All Dag kann ee sech fir dëse Quiz néi Froën ausdenken.Dono freet oder seet en Erwuëssenen welchen Dag haut ass a moar kënnt.Esou léieren d'Kanner spilleresch d'Wochendeeg kennen a verhaalen.Dir kënnt och um Kaffisdësch beschwätzen wéi d'Wiëder ass oder gëtt zb.reent et, sin Woleken um Himmel asw.Den Dagesoflaaf kënnt dir och zesummen um Dësch plangen.Ënnert der Famill entsteet e flotten Austausch den dir gären a verschidde Sproochen maache kënnt.