Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Salles Mickey (Créche)

Den Mickeys Sall ass an zwee Zëmmer opgedeelt.

Am éischte Sall sinn Dëscher a Still, wou déi verschidde Iessen giess gin.

Zur Ausstattung gehéiert e grousst Regal dat fir d'Kanner fräi zougänglech ass. Dëse Regal enthält Puzzel, Spiller fir d'Feinmotorik an Utensilien fir sech kreativ auszetoben.

De Sall huet och e Lieseck mat verschiddene Bicher. Niewendrun gëtt et en Sëtzberäich deen benotzt gëtt fir ze raschten oder Bicher ze liesen. Op der Mauer steet eng Tafel, déi mir all Dag benotze fir Fotoen; visuell Präsenzlëschten opzehänken, mat dem Ziel, sech besser kennen ze léieren.

Mir hunn och eng Tafel mat Piktogrammen, fir de Kanner visuell den Alldag erklären ze kënnen.

 

 

Den zweeten Raum enthält déi verschidde funktionell Ecker:

  • mobilen Verkleedungsständer
  • Spillkichen mat Dësch a Still
  • Gymnastik Eck
  • Bau Eck
  • Verkafsbuttek
  • Werkbank
  • Parkplaz mat verschiddene Gefierer
  • Rollespiller, Poppen, Poussette

Mir hunn och e groussen Teppech mat verschiddene Smileys, well mir eis all Dag dem Thema Emotiounen an Empathie widmen.

Eemol am Dag ginn déi zwee Mickeys Säll an en Entspanungsraum ëmgewandelt, fir datt d'Kanner (Mickey an Tweety Grupp) raschten kënnen.