Infos parents
Kalenner
Zum KalennerNeiegkeeten
- Bei de Fliedermais
Grousse Bakprojet an der Maison Relais Fliedermais
Baackprojet, en Projet vun der Maison Relais bei den Fliedermais
an ënnerstëtzt vum Radio Babbel.
Oflaaf:
Den Baackprojet ass en Projet deen iwwer d‘ ganz Schouljoer lafen soll. D‘ Maison Relaisen déi sech ugemellt hunn, sollen eng Equipe auswielen (ongeféier 4 Kanner), déi fläisseg iwwer dat ganzt Schouljoer Backen soll. D‘ Ziel ass, dat d‘ Equippen (just Kanner) fäeg sinn fir am 3. Trimester eng Patisserie ganz eleng ze Backen an dëst enger Jury ze presentéieren. D‘ Equippen dierfen selwer wielen wat sie Backen wëllen. Opgepasst. Net nëmmen den Goût, mee och d‘ Presentatioun vum Gebäck gëtt bewäert.
Den Radio Babbel géif sech freeën all Equipe an hirer Kichen (Baackplatz) besichen ze kommen fir en Interview an Photoen vun den Kanner ze maachen. D‘ Equippen sinn natierlech och all häerzlech agelueden fir live an eisen Studio ze kommen fir iwwer den Projet ze schwätzen.
Den Backkonkuer:
D‘ grouss Final vum Backkonkuer ass fir den 2. Juli virgesinn an dat vun 17 bis 19 Auer. D‘ Equippen sollen hier Patisserie bei sech an der Maison Relais Backen an d‘ Presentatioun kënnen se hei an der Maison Relais bei den Fliedermais virbereeden. Eng neutral Jury soll ausgewielt ginn, soudass mir all Equipe bieden, en Representant vun hirer Institutioun (Chargé, Kach, Erzéier,…) auszewielen deen dann fir d‘ Final an der Jury matbewerten soll. Den Baackkonkuer gëtt vum Radiobabbel gefilmt an moderéiert. Den Gewënner kritt natierlech och en Preis an all Kand kritt en klengen Trouschtpräis.
Radio Babbel:
Mir géifen virschloen dat d‘ Equippen e puer Datumer fir den 2. Trimester eran reechen fir live an eiser Radio Babbel Sendung dobäi ze sinn. D‘ Sendungen sinn ëmmer Méindes an Donneschdes vun 13 bis 14 Auer an dëst och an den Schoulvakanzen. Soubal mir Datumer vun all den Equippen hunn, mellen mir eis zeréck fir den definitiven Datum fest ze leeën.
Aschreiwung:
Dir wëllt Iech och Aschreiwen matt äerer Maison Relais, Jugendhaus oder Schoul dann schreif eis e Mail matt äere Kontakt Daten op: sylvia.marques@villeesch.lu
Mir mellen ons =)Leif Greiss,
MR bei den Fliedermais. - Bei de Fliedermais
Radio Babbel um Escher Kulturlaf 2019
RADIO BABBEL - ESCHER KULTURLAF Spezial Emissioun (elo lauschteren)
Säit villen Joren organiséiert Staat Esch den Escher Kulturlaf, souwéi och dëst Joer an dat genee op den 7ten September 2019.
Vill Leit hunn sech um Belval versammelt beim Depart, sief vir selwer mat ze lafen oder och seng Kollegen a Bekannten unzefeieren. Ënnert deenen bal 2000 Leefer hunn sech dann och d’Anais an den Kevin vum Radio Babbel erëmfonnt, net vir ze moderéieren mee vir selwer un dëser flotter Course deel ze huelen.
Awer elo mol alles op Ufank, d’Anais an den Kevin vum Radio Babbel sinn bekannt dofir sech geigenseiteg „am positiven wuel gemierkt“ op d’Schëpp ze huelen wärend hirer Emissioun am Radio.
Sou ass et och zoukomm dass de Kevin op di Super Idee komm ass d’Anais vir den Escher Kulturlaf unzemellen an daat net ganz fräiwëlleg, d’Anais gehéiert éischter zu deem Prozentdeel Leit di um Bord vun enger Course eng Glace iessen anstatt wëllen selwer mattzelaafen =) .
Hat ass alles aneschtes als Sportlech an et huet dësen Challenge ugeholl, dorausser ass awer e super Laf Projet entstanen vir d’Anais mat de d’Kanner di allkeier mat trainéiert hunn, Dënschdes an Donneschdes „Wann et dann net am Congé war respektiv gereent huet“ J
Et gouf souguer ënnert strenger Opsiicht Trainéiert vum COACH MICH, deen sech dann och guernet beaflossen gelooss huet vum Kevin wann et geheescht huet maach den Training beschen méi ustrengend ;) .
Vue-que dass eis Kanner aus der Maison Relais deen Projet sou super fonnt hunn, sinn dann och eng 8 Kanner vun ons den YUPPI Tour um Escher Kulturlaf mat gelaf, an dat hunn Si super gemeeschtert nachengkeier e GROUSSEN BRAVO un all eenzelen.
Vir nachengkeier drop zréck ze kommen d’Anais, et huetd‘ COURSE mat Bravur gepaakt an et lieft weiderhin e flott a schéint Liërwen =)
BRAVO ANAIS =)
An der annexe fannt dir puer Impressiounen/Fotoen vum Escher Kulturlaf. Mol kucken wat den Radio Babbel sech dann nach sou Afalen léisst ;) .
- Bei de Fliedermais
Colonie "Insenborn" 2019
Méindeg den 22.07.2019 war et esouwäit, d’Kanner sinn mat hiren Groussen Valisen an d’Maison Relais komm an waren voller Virfreed vir op Insenborn an d’Kolonie vir ganzer 4 Nuechten.
De gemëschten Kanner Grupp (Spillschoul bis 6.Schouljoer) goufen vun 4 Educateuren begleet. (Joy, Adelisa, Marisa, Sam)
Et huet sech schnell erausgestallt, dass mir déi richteg Woch erausgesicht hunn vir
mat de Kanner an d’Kolonie ze fueren wann een um Handy d’Meteo vir di ganz Woch gekuckt huet. (Ganz Woch iwwer 35Grad Sonn a Bloen Himmel).
De Wee op den Stauséi, stoung um Dagesprogramm an huet all Dag vir déi passend Ofkillung gesuergt.
Eis Maison Relais huet et sech virun 3 Joer zur Aufgab gemaach, zu Insenborn eng Hütt ze erbauen an bei all Visitt „Kolonie“ gëtt dës Gefléckt a mei Grouss gebaut.
DëseSummer hunn mir aus Paletten Bänken an Dëscher zesummen geneelt a ugestrach vir den passenden Interieur.
Dënschdeg ass Mueres géint 11h00 en Escher Bus ukomm, mat den rechtlechen Kanner aus eiser Maison Relais, net vir do ze-schloofen mee einfach eng Visitt ze maachen an den Dag Zesummen ze verbréngen. Owes géint 16h30 goung et vir déi Kanner nees Heem a Richtung Esch.
Am laf vun der Woch hunn mir den Mohammed kennegeléiert, hien huet eis mat vill gudder Laun den DJEMBE virgestallt, an wat een alles domadder kann maachen.Mam Mohammed hunn mir de ganzen Dag verbruecht an souguer am Enn vum Dag huet hien eis gewisen wie een Afrikanesch Bijou’en op traditioneller Art a Weis hierstellt „d’Kanner waren hell-op Begeeschtert“.
Fazit vun der Woch: Super Meteo, vill Spaass a super Momenter Zesummen verbruecht.
Villmools Merci un d’Equipe vun Insenborn di eis sou super Opgeholl an Verwinnt huet.
Maison Relais Fliedermais - Bei de Fliedermais
Grouss Bak Projet FINAL
Hei de Video zu eiser Grousser Bak Projet FINAL,
d'Kanner hunn an Zesummenaarbecht mat den Educatricen Veronique an Anais et ganzt Schouljoer 1x Woch gebak,
do goung et net nëmmen drëms en Kuch ze Backen an duerno Ziessen, am Géigendeel d'Kanner goufen drop preparéiert
en Kuch am Enn vum Schoul Joer komplett selbstänneg ze Baken ouni Hëllef vun den Educatricen.Aus dem Projet sinn 2 Ekippen entstanen, an dunn war et esouwäit... FINAL stoung virun der Dier.
All Ekipp huet sech Zesummegedoen an se hunn decidéiert welchen Kuch se wëllen Baken an Jury wëllen Begeeschteren mat der Optik souwéi den Goût vun hire Bakprojet.
D'Jury war komplett onofhängeg a war ganz STRENG...am Enn vun der FINAL huet et missen e Gewënner ginn, mee souvill sief gesot d'Jury huet sech richteg schwéier gedoen well et war Fantastesch wat d'Kanner gebak hunn an huet net schlecht Gestaunt. - Bei de Fliedermais
Imagefilm vun der Stad Esch vir de Service Maison Relais
Maison Relais Fliedermais huet en Imagefilm vir Stad Esch produzéiert/realiséiert.
De Beruff vum Educateur ass net nëmmen e Beruff vir op Kanner opzepassen mee en ass vill méi villfälteg wei geduercht...
Dëse klengen Film gëtt en realisteschen wei och flotten Abléck an d'Aarbecht vum Educateur - Bei de Fliedermais
Radio Babbel "CHAOS" SENDUNG op 87.6FM "Sendung 9 " 10.12.2018
Haut eng méi oder manner Chaotesch awer witzeg Sendung....lauschtert eran ;-)
Zweemol an der Woch während der Mëttegstonn hun puer Kanner Anaïs & Kevin eng Intern Radio Sendung "RADIO BABBEL" an der Maison Relais Fliedermais.
Während der Sendung bestëmmen d'Kanner weiéng Musek gespillt gëtt an Informéieren hier Kollegen iwwert Aktualitéiten/ Projet'e asw... an der Maison Relais.
D'Sendung gëtt LIVE aus eisem Eenzegaartegen Studio, iwwert all eis Radio'en an der Maison Relais op 87,6 FM ausgestraalt.
RADIO BABBEL op 87.6FM
"Den éischten Internen Maison Relais Radio zu Lëtzebuerg"