Visite Imprimerie@Highländer
01.04.2020Am Kader vun eisem Projet "Zereck bei traditionell Medien", wou mir selwer eis eegen Zeitung hierstellen, hun mir et wichteg fonnt, den Kanner ze weisen wou d'Zeitungen an Prospekter geprint ginn.
An der Imprimerie "Schlimé", konnten d'Kanner op eng kleng Entdeckungsrees goen.
Direkt am Ufank fun der Imprimerie konnten d'Kanner schon ganz vill Prospekter fannen dei si selwer schon kannt hun, wei zum Beispill fum Pizza Hut, fun der Santé fum "Coronavirus" wou mir all schon an der Breifboite leien haaten oder och ganz einfach den Fouercarnet deen all Joers erauskennt. Ganz vill aaner Saachen wei zum Beispill Kalenneren, Invitatiounen, Flyeren, Newsletter asw fennt een an deser Imprimerie.
Dun ass et weider gaangen richtung Machinen, dei all daat meigleg maachen, dass och esou eppes entsteet. Natierlech ass et verbueden fir d'Kanner soueppes unzepaacken, well do och bestemmten Geforen bestinn.
D'Kanner kruuten erkleart an gewisen, dass all Aarbeschter seng Plaatz an der Imprimerie huet. Dei eng sinn zoustänneg um Computer alles esou ze designen, dass alles richteg geprint gett, dei aaner stinn bei den mei groussen Machinen, fir daat ganzt dann bannen ze kennen, genau esou wei den Client et well.
D'Kanner kruuten haaptsächleg gewisen, dass ganz vill Aarbescht hannert all deem stecht, alles an Etapen gemaach gett an ganz vill mat den Faarwen gespillt gett an et net nemmen em printen an bannen geet.

Den Kanner huet et ganz vill Spaass gemaach an kennen et kaum erwaarden hiert eegent Prospekt ze produzeiren.
An dobei kruuten si nach eng zweet Idee, wou een elo schon keint doriver dodenken, eventuell en Kalenner fir 2021 selwer ze maachen?
An dobei kruuten si nach eng zweet Idee, wou een elo schon keint doriver dodenken, eventuell en Kalenner fir 2021 selwer ze maachen?
» Fotoen