Passer au contenu principal Passer au menu principal

Kalenner

Zum Kalenner

Actualités

  • Wobrécken (Crèche)

    Pädagogesch Ausfluch an de Park Cents an an den Tram-Musee

    Am Kader vun eisem Wochenthema iwwert den ëffentlechen Transport hu mir en pädagogeschen Ausfluch an de Park Cents souwéi an den Tram-Musee organiséiert.

    Fir d’Partnerschaft tëschent Crèche a Famill ze stäerken, haten e puer Elteren d’Méiglechkeet, eis ze begleeden an dësen Ament zesumme mat de Kanner ze deelen.

    Dësen Ausfluch war eng flott Geleeënheet, fir d’kollektiv Verkéiersmëttel op eng aner Aart a Weis kennen ze léieren, d’Zesummenhalt tëschent Kanner, Elteren an Educateuren ze stäerken an en agreabele Moment an der frëscher Loft ze verbréngen.


  • Wobrécken (Crèche)

    Eng flott pedagogesch Erliefnis op der Bauerenhaff zu Leideleng

    Eis Kanner vun 2 bis 4 Joer haten virun kuerzem d’Geleeënheet, eng flott Ausfluch op d’Bauerenhaff zu Leideleng ze maachen. Et war eng spannend an erfüllend Erliefnis, wou si vill léif Déieren kennegeléiert hunn, Kaz, Kanéngercher, Meerschwäinchen, Hinnen, Schwäin, Kéi, Päerd a Geessen.

    Nieft dem Déierekontakt konnten d’Kanner och frësch Loft genéissen an sech am grousse Gaart fräi beweegen, mat klengen Trakteren, Trottinetten a Spillsaachen. Dëst huet hinnen vill Freed gemaach an huet hir motoresch Entwécklung ënnerstëtzt.

    E richtege Highlight war et, wou all Kand op engem richtige Trakter dierft sëtzen, mat grousse glänzegen Aen a voller Begeeschterung!

    Et war eng räich an inspiréierend Erfahrung, wou d’Kanner d’Natur erliewe konnten an en neie Bléck op d’Déierewelt kruten. Enges wat hinnen sécher nach laang an Erënnerung bleift!


  • Wobrécken (Crèche)

    Summersfest an Campusfest

    E grousse Merci un d’Elteren!
    Mir soe alle Elteren e ganz häerzleche Merci fir hir Präsenz an hir Matmaach beim Summersfest an um Campusfest.

    Ouni Iech wieren dës schéin a lieweg Momenter net déiselwecht gewiescht.

    Duerch Ären Engagement an Äre gudde Wëllen sinn dës Evenementer e richtegen Erfolleg ginn – voll Freed, Laachen a schéin Erënnerungen, fir Kleng a Grouss.

    Äre Support bedeit eis vill a motivéiert eis, weiderhin mat Leidenschaft fir d’Kanner do ze sinn.

    Merci fir Äert Vertrauen an datt Dir un eiser Säit sidd!


  • Wobrécken (Crèche)

    Nationalfeierdag an eiser Crèche

    Fir Nationalfeierdag hu mir zesumme mat eisen Kanner eng flott a lecker Aktivitéit organiséiert!

    D’Kanner vun 2 Joer hunn hëllefsbereet d’Deeg geknéit an Sabléen an der Form vum Grand-Duché ausgestach. D’Kanner vun 4 Joer hunn duerno mat vill Freed a Kreativitéit d’Kichelcher mat engem dräifaarwege Glace (rout, wäiss a blo) dekoréiert – natierlech a Respekt vun de Faarwe vun eisem lëtzebuergesche Fändel!

    Dës Aktivitéit war eng super Geleeënheet fir d’Kanner sech kreativ auszeliewen, zesummen ze schaffen an dobäi eppes iwwert eis Kultur a Fester ze léieren.

    Mir si ganz houfreg op eis Kanner a freeën eis dës Momenter mat Iech ze deelen! ❤️


  • Wobrécken (Crèche)

    Besuch vum Pistache – en aussergewéinleche Reptil bei eis an der Crèche

    Dës Woch haten eis Kanner eng ganz speziell Iwwerraschung: de Pistache, en Pogona (Baartagam), koum op Besuch! Eng Mataarbechterin vun eiser Crèche huet hien matbruecht, fir de Kanner ze weisen, dass een och en Reptil als Hausdéier hale kann.

    D’Kanner waren begeeschtert! Si konnten mat him op engem klenge Spadséiergang goen, him beim Dësche kucken, a souguer selwer mat der Dusch hëllefen. Et war eng flott Geleeënheet fir ze léieren, wéi een esou en Déier gutt behandelt an wat et brauch fir sech wuel ze fillen.

    Dëse Besuch war net nëmmen spannend, mee och edukativ: d’Kanner hunn en neit Déier kennegeléiert an dobäi Respekt, Gedold an Opmierksamkeet geübt.


Première Précédente Suivante Dernière