Infos parents
Kalenner
27.05: Rallye C1+C2
28.05: Rallye C3
02.06: LASEP LüWand
04.06: Beachvolley C2+C2
09.06: Beachvolley C3
Actualités
- Brouch
Mir waren mam Cathy am Déierenpark
Mir waren mam Cathy am Déierenpark. Mir sin d’Déieren kuken gangen & mir hun se gefiddert. - Brouch
Wochenprogramm 19.-23.03.2018
Mëinden :
12:00-14:00 „Mir bauen eng Jickenbunn“ mam Cathy
16:00-18:00 „Impro-Theater mam Nadine“
Dënschden :
12:00-14:00 „Ech lauschteren dir no“ mam Lejla
14:00-16:00 „Kach-an Baakatelier mam Ramka
14:00-16:00 „Lasep Cycle 1“ mam Nadine
14:00-16:00 „Lasep Cycle 2+3“ mam Soraya + Jérôme
14:00-16:00 „Ouschtereeermoolen“ mam Christiane
Mëttwoch :
12:00-14:00 „Experimenter“ mam Cathy
16:00-18:00 „Stretching“ mam Soraya
16:30-18:30 „Afterwork“ fir eis Eltren
Donnechden :
12:00-14:00 „Lëtzebuerger Geschichten“ mam Nadine
14:00-16:00 „Medienprojet LIVING AND WORKING IN SPACE“ mam Jérôme
14:00-16:00 „Impro-Theater“ Cycle 1 mam Nadine
14:00-16:00 „Pädagogech Sortie MAM HOND TRËPPLEN GOEN“ mam Christiane
14:00-16:00 „Ouschtereeerfierwen“
Freiden :
12:00-14:00 „Star Start“ Karaoke mam Jérôme
12:00-14:00 „Vitaminn L“ Smoothies mam Lejla
16:00-18:00 „Kulturbauen“ mam Venancio - Brouch
LASEP Cycle 2+3 du 20.03.2018
Zesummen mam Soraya an mam Jérôme waren mir am Kader vun der LASEP Esch-sur-Alzette an d‘Metzerlach Petanque spillen.
Heibei stungen gudd Stëmmung an allerlee verschidden Atelieren zum Thema Petanque um Programm.
Kuckt irch d‘Biller vun den Spëtzensportler un :) - Brouch
Mir hun mam Ramka Ouschtereer gebastelt
Mir hun mam Ramka zum Thema Ouschteren, Eer ausgeschnidden & dei mat Glitzer, Perlen & Fierdem verscheinert. Dei hänken elo als Deko, um Plafond an eisem Iess-/Hausaufgabensall. - Brouch
Mir hun mam Cathy mat Holz geschafft
D'Cathy huet jidderengem vun eis en rond Stéck Holz gin. Dono hun mir mat engem Bleisteft en Bild drop gemolt. Jiddereen vun eis huet en puer Neel kritt, mat deenen mir, mat Hëlef vun engem Hummer, d'Bild nogenolt hun.
