Infos parents
Kalenner
16.12: Lasep Handball
18.12: Fête de Noël
18.12: Lasep Ping Pong
22.12: Congé collectif
25.12: Noël
Actualités
- Brouch
Mir hun mam Cathy mat Holz geschafft
D'Cathy huet jidderengem vun eis en rond Stéck Holz gin. Dono hun mir mat engem Bleisteft en Bild drop gemolt. Jiddereen vun eis huet en puer Neel kritt, mat deenen mir, mat Hëlef vun engem Hummer, d'Bild nogenolt hun. - Brouch
Impressions de notre afterwork du 7. février 2018
Den 7ten Februar war eisen traditionellen Afterwork vun der Maison Relais Highlander. Des Kéier mam Thema "Valentinsdag". Heibei stungen vill lecker an séiss Saachen fir z'iessen an ze drënken zur Auswierl. Vill Spaas, eng flott Ambiance an lacker Gespréicher waren och nach dobei :) - Brouch
Mir bauen den "Arc de Triomphe"!
Haut hunn mir iwwert den Arc de Triomphe geschwaat & mir hunn probeiert en no ze bauen! - Brouch
Mir hun mam Roy Holz geschlaff
Den Roy huet Stécker Holz geschleift, fir daat dei Stécker fir eng Aktivitéit benotzt kennen gin. Mir, Kanner, wollten heen awer net alleng schaffen loossen, also hun mir eng Hand mat ungepaak & him ganz gaeren gehollef :) - Brouch
Mir hun mam Christiane d'Fréijoer geruff.
Mir hun haut mam Christiane, eng schéin Ballerina gebastelt. Sein Rack besteht aus eenzelnen, faarwegen Blummen & se hänkt bei eis op der Mauer, um éischten Stack. Zweck vun eiser Ballerina, ass et d'Fréijoer ze rufen. - Brouch
Mir bastelen eng cool Kaz!
Mir versichen eis Geschécklechkeet ze testen, indems mir dei cool Kaz zesummenstellen!
