Infos parents
Kalenner
Zum KalennerActualités
- Galaxy
Besuch vum Ehrenmann an der MR Galaxie
Besuch vum Ehrenmann dem Kleesche (04.12.2018)
Voller Virfreed hunn mir haut op sie gewaart.
De Sall war gutt gefëllt an d‘Kanner konnten et kaum erwaarden.
Kuerz no 16:00 war et dunn endlech souwäit ! Se waren do !
De Kleeschen an den Houseker hunn de Wee an d‘Maison Relais Galaxie fonnt.
Se sinn net mat eidelen Hänn komm , mais haten och nach leckere Schockela, Kamellen an Nëss fir all d‘Kanner dobäi.
Rutte sinn et natierlech och ginn.
Awer dovu schwätze mir mol léiwer net a mir genéissen eise gudde Schockela. - Galaxy
Engelcher fir de Chrëschtbämchen
Mir hunn weiderhin fir eisen Wantermaart gebastelt an desserkéier hunn mir flott Engelcher gemach fir un de Bämchen ze hänken. - Galaxy
Filmmetten als Oofschloss vun der Woch
all Freiden nomëtten, leeft am Freestyle en Film fir d’kanner. Do kennen se sech entspannen & en Relaxen sprong an den Weekend maan.
Leschten Freiden hun mer « Grosse Haie, kleine Fische » gekukt, haut war « Vaiana » um tuer ☺️ - Galaxy
STAR MARS NEWS : Interview mam Fussballstar JOE FRISING
Dësen Donneschden, 22ten November 2018, war et souwäit :
Am Kader vun eiser Maison Relais Zeitung STAR MARS NEWS, ass de Fussballer JOE FRISING bei eis an d'MR GALAXIE komm.
De Joe Frising ass net nëmme Golkipper vum F91 Diddeleng, mais huet souguer schonn an der Europa League gespillt. Heibäi géint Equipe wéi MILAN, BETIS an OLYMPIAKOS.
Als Reporter hunn mir dem Joe Froe gestallt déi eis op der Zong lungen.
De ganzen Interview mat ALLEN Froen, ALLEN Äntwerten a weider Biller fannt dir an eiser STAR MARS NEWS Zeitung, déi deemnächst eraus kënnt.Mir soen dem Joe Merci fir seng Zäit an seng Motivatioun.
Star Mars News Team
MAISON RELAIS GALAXIE