Infos parents
Kalenner
22.12: Congé collectif
25.12: Noël
31.12: Réveillon du nouvel An
01.01: Jour de l'An
08.01: Lasep Schwëmm C1
Actualités
- Brouch
Storyboard : Eis Bréiffrëndschaften tëschent der MR Galaxie an der MR Fliedermais (Projet vun der éducatrice Joy aus der MR Fliedermais)
- Klickt opp STORYBOARD
- Klickt opp DIASHOW ënne rierts am Eck oder klickt uerwe lenks op d'Soundzeechen
- Appuyez sur STORYBOARD
- Appuyez sur DIASHOW ou sur le logo sonor
Jérôme MR Galaxie - Brouch
Detox Smoothies
Dënschdes den 22ten Januar hunn mir zesumme mat eisem Educateur, dem Jérôme Detox Smoothies gemaach. Awer wat ass iwwerhaapt Detox ? Mir hunn dat Wuert nach ni héieren ? An wat huet een dovun ?
Kuerz erkläert : d‘Wuert Detox kënnt aus dem Englesche vum Wuert detoxification an heescht iwwersat „Entgéfftung“.
Soumat soll eise Kierper entgéfft gi vu Stress, wéineg Schlof, ongesonder Ernährung (mat Zocker a Fett) etc.
Et ass och gutt fir eis Organer am Kierper wéi Nieren, Liewer etc.
Des Kéier stoung um Programm een Detox Smoothie ouni Zocker mat Spinat, Kornischong, Banann, Apel, Blooalgen, Orangen, etc.
Als d‘éicht hunn mir sämtlech Zutaten gewisen an erkläert kritt, duerno alles gewäsch, an dunn ass et un d‘Schierlen an d‘Schneide gaangen.
Zum Schluss hunn mir alles gemixt a genoss :)
MR Galaxie
