Passer au contenu principal Passer au menu principal

Infos parents

Kalenner

16.04: Lasep Fechten
21.04: Lasep Lü Wand
05.05: Lasep Piscine
07.05: Lasep Zirkus
21.05: Lasep Taekwondo
Zum Kalenner

Actualités

  • Bei de Fliedermais

    Précoce Maison Relais

    Léif Elteren,

    Dës Woch an der Maison Relais hu mir vill flott Momenter mat de Kanner verbruecht. Mir hunn zesummen gespillt, gebastelt an och verschidde kleng Aktivitéiten am Grupp gemaach.

    Well d’Wieder meeschtens gutt war, ware mir och vill dobaussen. D’Kanner konnten sech do fräi beweegen, zesumme spillen an d’Natur genéissen.

    Et war eng schéi Woch mat vill Laachen, Beweegung a flotter Zesummenaarbecht tëscht de Kanner.


  • Bei de Fliedermais Brouch

    Fête de Carnaval 2026

    Carnaval à la Maison Relais !


    Le 20 février, sortez vos plus beaux déguisements !
    Princesses, super-héros, pirates ou animaux rigolos… tout est permis
    On vous attend pour une journée pleine de couleurs, de rires et de surprises !

    À très vite pour faire la fête ensemble ✨


  • Bei de Fliedermais Brouch

    Aktiviteitenplang Fuesvakanz


  • Bei de Fliedermais

    Précoce Maison Relais

    Léif Elteren,

    mir wëllen Iech e klenge Réckbléck op eis lescht Woch an der Maison Relais ginn mat eis Butzen.

    Eist Highlight vun der Woch war den Ausfluch op d’LASEP. Do konnten d’Kanner sech sportlech ausliewen an haten vill Freed un de verschiddenen Aktivitéiten.

    Ausserdeem hu mir vill gebastelt fir de Carnaval an de Vältesdag. D’Kanner waren dobäi ganz kreativ a motivéiert.

    Mir hunn och verschidden Aktivitéite gemaach, wéi zum Beispill Balancierspiller, Memory-Spiller an Kennelernspiller ronderëm d’Faarwen.

    Als flotte Ofschloss vun der Woch hu mir zesummen eng gemittlech Tea-Time gemaach.


  • Bei de Fliedermais

    Précoce Maison Relais

    Léif Elteren,

    Dës Woch hu mir vill Spaass an der Maison Relais. Mir hunn fir eise Wanterprojet gebastelt an Dekoratiounen fir d’Karnavalparty gemaach. An der Kichenaktivitéit hu mir mat Äppel geschafft. Mir hunn och vill gemoolt a Fräispill gehaat. Et war eng flott Woch voller Freed a Kreativitéit fir eis Kanner!


  • Bei de Fliedermais

    Fuesparty!

    Léif Elteren,

    Mir hu Grouss Freed, Iech an Är Kanner op eis Fuesparty an der Maison Relais anzelueden!

    Datum: 13.02.2026

    Zäit: 16:00 - 18:00

    Plaz: Maison Relais bei de Fliedermais

    D’Kanner an hir Elteren sinn häerzlech invitéiert, dëse gemittlechen Moment mat eis ze deelen.

    Um Programm steet: Musek a Danzen, flott Spiller a Aktivitéiten ronderëm d’Thema Karnaval, vill Laachen a Spaass!

    Verkleedunge si natierlech ganz wëllkomm, ëm sou méi faarweg, ëm sou besser!

    Fir lecker Snacks a Gedrénks fir Kleng a Grouss ass gesuergt.

    Wann Dir Froen hutt, zéckt net eis ze kontaktéieren.

    Mir freeën eis, zesummen mat Iech ze feieren!

    D’Equipe vun der Maison Relais bei de Fliedermais


Première Précédente Suivante Dernière