Passer au contenu principal Passer au menu principal

All News

Rentrée och am Papillon...

08.10.2018


...et geet nees lass.
En neit Joer, nei Kanner, eng nei Challenge.

Eisen Wochenprogramm 01.10.-05.10.2018 MR GALAXIE

03.10.2018
Brouch


Mëinden :
12:00-14:00 "Eisen Wonschconcert- Mir wënschen eis Lidder fir ze danzen“ mam Alex (Atelier Freestyle)

Dënschden :
13:30-14:00 „Versammlung fir eis Maison Relais Zeitung“ mam Jérôme + Alex
14:00-16:00 LASEP CYCLE 1 mam Cathy + Nadine
14:00-16:00 „Mir bastlen Sandbiller“ mam Lejla (Atelier Créatif)
14:00-16:00 "Mir maachen lecker Orangejus“ mam Soraya (Atelier Taste)

Mëttwoch :
12:00-14:00 "Ech erzierlen dir eng Geschicht“ mam Nadine (Atelier Bicherwuerm)
16:00-18:00 „Mir schaffen un eiser Maison Relais Zeitung“ mam Jérôme (Atelier Youmedia)

Donnechden :
14:00-16:00 "sortie pédagogique : Teamspiller“ mam Nadine + Alex (Atelier Sortie)
14:00-16:00 „ Ei daat schmaacht : Mir maachen lecker Banannensushi“ mam Soraya (Atelier Taste)
16:00-18:00 „Karaokeparty“ mam Jérôme (Atelier Freestyle)

 Freiden :
12:00-14:00 "Juste Dance – Komm an danz matt „ mam Lejla+ Soraya (Atelier Freestyle)
16:00-18:00 "Kulturbauen“ mam Venancio (Atelier Konstrukto)
16:00-18:00 „Karaokeparty Recall“ mam Jérôme (Atelier Freestyle)

 

 


L‘équipe Maison Relais GALAXIE 2018/2019

01.10.2018
Brouch


- Luca (chargé de direction)
- Jérôme (adjoint de direction)
- Lejla
- Soraya
- Venancio
- Ilenia
- Alex
- Nadine
- Ramka
- Cathy
- Christiane
- Sandra

NOWI RELOADED - nouvelle rentrée, nouvelle équipe, nouvel élan

25.09.2018
Nonnewisen


Notre nouvelle équipe est là pour vous!
Afin de vous garantir un accompagnement pédagogique de haute qualité, nous donnerons le meilleur.
Nous nous réjouissons d'une bonne collaboration.

Radio Galaxie op Besuch beim RTL Lëtzebuerg !

29.07.2018
Bei de Fliedermais


En onvergiesslechen Mëtteg, hat eis Crew vum Radio Galaxie um Kirchberg bei RTL Lëtzebuerg leschten Donneschdeg.
Duerch de Kontakt vun eisem Buergermeeschter dem Herr Mischo, hunn mir eng Invitatioun vum Herr SPOGEN vun RTL kritt, RTL Gebai ze besichen, Radio wei och Telé Lëtzebuerg. 

Opreegung vum Radio Galaxie war immens Grouss, mol engkéier e Professionellen Radio ze besichen sou wei Telé's Sender.

De Kanner stoung reegelrecht de Mond op, beim Tour vum RTL Gebai mam Herr Spogen an dem Herr Mischo.

Eis Kanner haten no hirer Visite beim Radio RTL & Eldoradio, d'éier bei enger Opzeechnung vun der Emissioun "FAMILLEN DUELL" dobäi zesinn, dëst war einfach nëmmen Flott, enger Professionelle Equipe iwwert d'Schëller ze kucken wei eng Sendung Produzéiert gëtt.

Op dëser Platz soen mir dem Herr Mischo souwéi dem Herr Spogen an dem RTL e GROUSSEN Merci,
vir dass mir vum Radio Galaxie d'Chance haten sou eppes konnten ze Erliewen.

No souenger Erfarung ass eis Motivatioun vir eise Radio weider auszebauen an nach besser ze maachen, ganz héich an kënnen et kaum Erwaarden eis néi Radio Saison 2018-2019 am September unzegoen.

An eiser Foto Galerie fannt dir e puer Impressiounen vun eisem Besuch.

 

 

 

 

VACANCES NOWI+LALL

27.07.2018
Nonnewisen
Lallange


Veuillez trouver notre programme d'été.
Nous sommes à la maison relais de Lallange.

Invitation AFTERWORK

13.07.2018
Brouch


Heimatt invitëiren mir Iech, d'Elteren vun den Kanner aus eiser Maison Relais HIGHLANDER, haerzlechst opp eisen allerlechten AFTERWORK fir d'Schouljoer 2017/2018.
Mir wëllen Iech op desem Wee net nëmmen Merci soen fir dëi gudd Kooperatioun tëschent Maison Relais an aererseits, mais mir wëllen Iech och Merci soen fir aer Ënnerstëtzung vun eisen Kannerprojeen, Fester, Aktiounen, Elternowender, Afterworks asw.
Aus desem Grond bidden mir een allerlechten Afterwork mam Thema "I LOVE SUMMER RETRO".
Heibei waarden nierwent Fingerfood, Gedrënks, Cocktails, Kuch och dëi passend summerlech RETRO Musikk op irch. 

Dobei kënnt dir Iech net nëmmen an engem gemiddlechen Kader mat aaneren Elteren an dem Personal austauschen MAIS dir kënnt gleichzeitech eisen neien Chef, den chargé de direction vun der Maison Relais. den Haerr LUCA TOMMASI kennen lëiren.

Mir freen eis op Iech.
PS : Summerlecht Gezei oder RETRO Kleedung as fir desen Dag selbtverstendlech och haerzlech wëllkomm. 

KUERZ GESOOT : D'GOLDKETTEN, D'HAWAIHIERM an DEN ROSA FLAMINGO DIERFEN AUS DEM TIRANG GEHOLL GINN ;)

D'ERZËIEREQUIPE MAISON RELAIS HIGHLANDER 2017/2018

Multikulti Fest am Parc Laval

12.07.2018
Parc Laval


Dëst Joer stoung eist Summerfest ënnert dem Numm Multikulti-Fest.

Eis Elteren konnten sech aschreiwen fir Spezialitéiten aus hiren Gebuertslänner oder engem aneren Land matzebréngen.

Dat hat immensen Succès!

Och den Buergermeeschter haat den Wee op eist Fest fonnt mam Mandy an dem Monsieur Kox.
Sie hun eisen groussen Spillhaus-Kuch opgeschnidden, ausgedeelt an geschmaacht. Merci dass der ierch di Zäit geholl haat.

Villmools Merci nach eng Kéier deenen Elteren di all di gutt Saachen matbruecht hunn, et war en richtegt flott Fest.

Première Précédente Suivante Dernière