Infos parents
Kalenner
Zum KalennerNeiegkeeten
- Brouch
Programm Kolonie Ensber (Ouschteren 2018)
Dënschden 03.04.2018
09:30 Départ zu Esch-sur-Alzette
12:00 Mëttesiessen
14:00 Skulpturenwee (Wanderung)
17:00 Croques Monsieur preparéiren
18:30 Owesiessen matt Croques Monsieur
19:30 Owesprogramm matt Marshmallowgrillen an Loup-Garou (Kaartenspill)
Mëttwochs 04.04.2018
10:00 Esch Sauer (spazéiren + Visite)
12:00 Mëttesiessen
13:30 Baurenhaff
18:30 Grillsoirée matt Grillwurscht, Mettwurscht,..
19:30 Owesprogramm matt engem Filmowend
Donnechdes 05.04.2018
10:00 Wellness matt Joghurtmasken
12:00 Mëttesiessen
14:00 Schwemm
18:30 Grillsoirée matt Hamburger an Zalohten
19:30 Owesprogramm matt Pijamaparty inklusive Chips, Gedrënks an Sëissechkeeten
Freides 06.04.2018
10:00 Valissen paaken
12:00 Mëttesiessen
15:00 Retour via Esch-sur-Alzette
- Brouch
D’Erneierung vum Atelier Bicherwuerm (Bibliothéik)
Den Atelier Bicherwuerm (Bibliothéik) as erneiert gin andeems en elo nach méi gemittlech an gleichzeitech modern as. D‘Bibliothéik as net némmen do fir zur Rou beim Raschten an beim Entspaanen ze kommen. Se as och ab elo matt engem Schreiwdësch an matt Computeren als Schreiwatelier an Medienatelier konzipéiert fir sech un aal an nei Medien erun ze trauen. Heibei kënnen och eegen Lidder, Texter, Gedichter etc. um Computer oder per Hand geschriwwen gin.
Ausserdem stin Materialien an regelméissech ungebuerden Aktivitéiten zum Thema „Handlettering“ zur Verfügung fir den Kanner dei wuertwiertlech Konscht vum Schreiwen an vun den gemoolten Buchstaawen opp eng entspaanend Aart an Weis méi no ze brëngen. - Brouch
Eis ouschtereeërsich
Mir sin zesummen mam Cathy & mam Christiane an den Park gangen & hun no lecker Schokolaseeër gesicht :)
zum Schluss hun mer vun der spillplaz profiteiert & eis all zesummen, en bëssen amuseiert. - Brouch
Eisen Ouschtereeërverkaaf
Eisen flotten Ouschtereeërverkaaf huet schon ungefangen. D’Eeër, déi vun eisen Kanner gemolt an dekoréiert gin sin, hun mir an schéin, kleng Tuuten angepaak, déi mat en bessen Stréih gefëllt gin sin. An well jiddfereen Séisses gaeren huet, hun mer natierlech och en puer Schokolaseeër angepaak ;) - Brouch
Verkaaf vun flotten Ouschtereeër
Vun Dënschdes, dem 27ten Maerz un bis Freides den 30ten Maerz mattgerechent, kënnt dir (opp Commande) flott, faarwech Ouschtereeër an d’Maison Relais HIGHLANDER sichen kommen. Des Ouschtereeër sin vun den Kanner gemoolt an dekoréiert.
Den Ouschterhues freet sech sëcherlech e bësschen manner Aarbecht ze hun :) - Brouch
Ouschterëeer fierwen
En Meinden hun mir ungefangen, mam Christiane, Eeer ze fierwen, dei fir eisen Ouschtereeerverkaaf geduecht sin. Eseu kennen d’Mama an den Papa dei kaafen :)
En Dënsten ass et dann, zesummen mam Ramka, firun gangen.
