Infos parents
Kalenner
Zum KalennerNeiegkeeten
- Galaxy
Eisen SUPERHELDEN Atelier mam Jérôme
Mir Kanner hun eis eng Aktivitéit mam Hulk, Spiderman, d‘Guardians Of The Galaxy an sëllechen aneren Marvel Comichelden gewënscht. Aus desem Grond hun mir vum Jérôme een ganzen Atelier mam Thema „SUPERHELDEN“ proposéiert kritt fir deen mir eis Donneschdes, den 5ten Juli, fir am Konschtatelier anschreiwen konnten.
Heibäi konnten mir frei eraussichen waat mir wéi matt wéiengen Superhelden bastelen oder moolen wéllen. Den Jérôme huet eis e puer Proposen gewisen an duerno ass et lassgaangen. Kuck Iech eis Wierker hei an der Fotogallerie roueg un. Biller schwetzen bekanntlecherweis méi wéi 100 Wierder ! =)
HIGHLANDER UNITED - Galaxy
Bon appétit mam Ramka (Atelier Kichen)
Dësen Donneschden, den 5ten Juli 2018, konnten dëi Kanner dëi sech fir den ATELIER KICHEN angeschriwwen hun nees leckert Iessen zesummen mam Ramka preparéiren. Des Kéier stung Freestyle Cooking um Programm. Dowéinst hun d‘Kanner „armer Ritter“ , och nach pain perdu genannt, preparéiert.
Duerno as als Zweet eng Aart Teigfladen (Teigtaschen) an der Pan gebrooden gin.
Den pain perdu an d‘Teigfladen sin et dunn um 16:00 Auer z‘iessen gin.
BON APPÉTIT ! - Galaxy
LASEP CYCLE 2+3 : Flott Rallye am Ellergronn (mam Jérôme an mam Venancio)
Desen Dënschden, den 3ten Juli 2018, war nees LASEP Zeit fir den Cycle 2 an Cycle 3.
Des Këier war eng flott Rallye am Ellergronn um Programm. Heibei stungen net nëmmen Spaass, wonnerbart sonnecht Wierder, mais och nach allerlee Spiller, Geschëcklechtkeetsübungen an Quizfroen um Programm. Natierlech hun mir semtlech Aufgaben an Froen matt Bravour gemeechtert an sin no zirka 2 Stonnen flotter Rallye nees zrëck an eis Maison Relais Highlander gaangen. Hei huet opp eis Abenteurer eng gudd Schmier gewaart. Genee dëi richtech Stärkung, dëi mir no sou enger flotter Rallye am Bësch gebraucht hun !
PS : Dass mir kuerzzeitech den falschen Wee angeschloen hun, war natierlech vun eisen zwee begleedenden Educateuren dem Venancio an dem Jérôme gewollt....
selbtstverstendlech fir eis ze testen ;) - Galaxy
Pizza Party mam Ramka
Desen Dënschden, den 3ten Juli 2018, kruuten mir opp Nofroo eiserseits d'Mëiglechkeet am Atelier Kichen nach emool Pizza selwer ze maachen. Zesummen mam Ramka hun mir heibei als d'ëicht d'Zutaten vum Deeg gemëscht, desen dunn gekniert an ausgerullt. Duerno hun mir semtlech Zutaten fir opp d'Pizza geschnidden an prett gemaach; ëiert et dunn drëms gaangen des opp d'Pizza ze leen. Heibei hun mir natierlech virun allem genuch Këis dropp gemaach ! =)
Zum Schluss hun mir eis Pizza an den Scheffchen gemaach, ëiert mir se dunn nach gudd waarm genëissen konnten.
Well mir zu genuch Kanner an Personal an eiser Maison Relais sin, hun mir net nëmmen eng eenzech MAIS direkt 8 Pizza'en beieneen gebaak. Sou as keen hongereg heem gaangen ! =) - Galaxy
Eisen Wochenprogramm 02.07.-06.07.2018
Mëinden :
12:00-14:00 "Ech erzierlen dir eng Geschicht" mam Nadine (Atelier Bicherwuerm)
Dënschden :
14:00-16:00 LASEP CYCLE 1
14:00-16:00 LASEP CYCLE 2+3 "Rallye am Ellergronn" mam Jérôme (+Venancio)
14:00-16:00 "Mir baaken lecker Pizza" mam Ramka (Atelier Kichen)
15:00-16:00 "Summerlech Fantasierees" mam Karin (Atelier Bicherwuerm)
Mëttwoch :
12:00-14:00 "Relaxatioun / Yoga" mam Christiane (Atelier Bicherwuerm)
16:00-18:00 „Spaass am Haff“ mam Jessica + Karin (Atelier Haff)Donnechden :
14:00-16:00 "sortie pédagogique : Mir gin mam Hond Kenya spazëiren" mam Christiane + Lejla (Atelier Adventure)
14:00-16:00 " Eisen Avengers Atelier Deel 1 Captain America" mam Jérôme (Atelier Konscht)
14:00-16:00 "Veloprojet" mam Cathy + Venancio (Atelier Adventure)Freiden :
16:00-18:00 "WM Vëirelfinall LIVE" (Atelier Expressioun)
16:00-18:00 "Teamspiller" mam Karin (Atelier Haff)