Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Infos parents

Kalenner

Zum Kalenner

Neiegkeeten

  • Brouch

    Dekoratioun fir op den Krëschtbeemchen

    Mir hun zesummen mam Veni, Ilenia & Soraya Dekoratioun fir op den Krëschtbeemchen gebastelt. Daat alles mat Holz. Fir d’éischt hun mir d’Holz mat Schleifpabeier geschlaff. Duerno hun mir se mat Musteren bemoolt. Heifier konnten mir eis Fantasie frei laafen loossen! D’Resultater sin meeeega schein gin!

  • Brouch

    Mir ginn an d'LASEP

    D'Kanner vum C1 ginn all Dënschden an d'Sportshal vun der Schoul turnen.

    Hei puer Fotoe vun dëser Woch:


  • Brouch

    Eisen Chrëchtbam um Escher Chrëchtmaart

    Et ass fleissech gebastelt a gemoolt ginn fir Dënschdes den 20ten November.
    Le Syndicat d'Initiative et de Tourisme vun Esch huet eis ee Chrëschtbam um Escher Chrëschtmaart zur Verfügung gestallt, dee mir selbstverständlech schéin dekoréieren wollten.
    Zesumme mat den interesséierte Kanner vum Cycle 1 hunn sech d‘Cathy an de Jérôme op den Wee op de Chrëschtmaart gemaach fir ee Beemchen ze dekoréieren.
    Als Belounung fir déi gutt Aarbecht ass et duerno ee leckeren, waarme Schocki fir jiddwereen ginn.

  • Brouch

    Eisen Wochenprogramm 19.11.-23.11.2018 MR GALAXIE

    Méinden :
    16:00-18:00 „Mir maachen lecker Banannenshakes“ mam Ramka (Atelier Taste)
    16:00-18:00 "Mir bastelen fir eisen Chrëschtbahm um Escher Wantermaart" mam Venancio (Atelier Créatif)

    Dënschden :
    14:00-16:00 LASEP Cycle 1 mam Ilenia + Venancio
    14:00-16:00 LASEP Cycle 2/3/4 mam Alex + Ramka
    14:00-16:00 "Mir dekoréiren eisen Chrëschtbahm um Escher Wantermaart" mam Cathy + Jérôme (Atelier Sortie)

    Mëttwoch :
    12:00-14:00 "Ech erzierlen dir eng Geschicht“ mam Christiane (Atelier Bicherwuerm)
    16:00-18:00 "Mir baken WONDER WAFFELS" mam Jérôme (Atelier Taste)

    Donneschden :
    14:00-16:00 "STAR MARS News : "Interview mam Fussballspiller Joé Frising“ mam Jérôme + Alex
    14:00-16:00 „Mir baken d'Wanterkichelcher FLORENTINER" mam Christiane + Lejla (Atelier Taste)

    Freiden :
    12:00-14:00 "Just Dance – Komm an danz mat „ mam Soraya + Lejla (Atelier Freestyle)
    16:00-18:00 "Film als Oofschloss vun der Woch" (Atelier Freestyle)


  • Brouch

    Bananen Smoothies

    Mir hun, zesummen mam Ramka, lecker gesond Smoothies gemach ☺️

  • Brouch

    SUPERJHEMP RETÖRNS : Interview mam Felix Koch (Regisseur+Dréibuchautor vum Film)

    Donneschdes de 15ten November war et endlech souwäit !
    De Felix Koch, Dréibuchauteur an Realisateur, vum Film „Superjhemp Retörns“ ass am Kader vun eise Minireporter bei eis, an d‘Maison Relais GALAXIE,  fir een Interview komm.
    Nodeems mir voller Freed de Film „Superjhemp Retörns“ , dee momentan voller Succès am Kino leeft, kucke waren, huet de Felix sech eise sëlleche Froe gestallt.
    Heibäi huet de Felix sech ganz vill Zäit geholl an huet eis och gewise wéi d’Filmmusek entstanen ass.
    De kompletten Interview mat ALLEN Froen , ALLEN Entwerten PLUS matt weidere flotte Biller an Impressioune fannt dir an eiser Maison Relais Zeitung mam Numm STAR MARS NEWS, déi deemnächst eraus kënnt.

    Mir soen dem Felix Merci fir seng Zäit, seng Motivatioun an natierlech fir säi gudde Superjhemp Film.
    Mir hoffen de Felix deemnächst mat engem neie Filmprojet an mat neie Froen bei eis begréissen ze dierfen.

    Star Mars News Team
    MAISON RELAIS GALAXIE

Eischt Viregt Nächst Lescht