Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Infos parents

Kalenner

Zum Kalenner

Neiegkeeten

  • Galaxy

    Filmmetten als Oofschloss vun der Woch

    all Freiden nomëtten, leeft am Freestyle en Film fir d’kanner. Do kennen se sech entspannen & en Relaxen sprong an den Weekend maan.
    Leschten Freiden hun mer « Grosse Haie, kleine Fische » gekukt, haut war « Vaiana » um tuer ☺️

  • Galaxy

    STAR MARS NEWS : Interview mam Fussballstar JOE FRISING

    Dësen Donneschden, 22ten November 2018, war et souwäit :

    Am Kader vun eiser Maison Relais Zeitung STAR MARS NEWS, ass de Fussballer JOE FRISING bei eis an d'MR GALAXIE komm.
    De Joe Frising ass net nëmme Golkipper vum F91 Diddeleng, mais huet souguer schonn an der Europa League gespillt. Heibäi géint Equipe wéi MILAN, BETIS an OLYMPIAKOS.
    Als Reporter hunn mir dem Joe  Froe gestallt déi eis op der Zong lungen.
    De ganzen Interview mat ALLEN Froen, ALLEN Äntwerten a weider Biller fannt dir an eiser STAR MARS NEWS Zeitung, déi deemnächst eraus kënnt.

    Mir soen dem Joe Merci fir seng Zäit an seng Motivatioun.

    Star Mars News Team
    MAISON RELAIS GALAXIE


  • Galaxy

    Krëschtdeko fir d’Maison Relais

    En donnesten metten (22.11), hun mir ganz flott Deko gebastelt fir eis Maison Relais.

  • Galaxy

    Eis Krëschtdeko aus Holz

    Eis selwer gemachten Krëschtdeko!
    Mir hun aus Baamstämm, Faarw, Watt & en bessen Glitzer,  lauter cool Personnagen gemach wei zum Beispill den Kleeschen, en Schnéimännchen, den Rudolf ... etc.
    mir schaffen graad drun, erwaart ierch also nei Personnagen dei nokommen ;)

  • Galaxy

    Dekoratioun fir op den Krëschtbeemchen

    Mir hun zesummen mam Veni, Ilenia & Soraya Dekoratioun fir op den Krëschtbeemchen gebastelt. Daat alles mat Holz. Fir d’éischt hun mir d’Holz mat Schleifpabeier geschlaff. Duerno hun mir se mat Musteren bemoolt. Heifier konnten mir eis Fantasie frei laafen loossen! D’Resultater sin meeeega schein gin!

  • Galaxy

    Mir ginn an d'LASEP

    D'Kanner vum C1 ginn all Dënschden an d'Sportshal vun der Schoul turnen.

    Hei puer Fotoe vun dëser Woch:


Eischt Viregt Nächst Lescht