Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Infos parents

Kalenner

21.05: Lasep Taekwondo
09.06: Lasep Vélo
16.06: Lasep Piscine
18.06: Lasep Zirkus
Zum Kalenner

Neiegkeeten

  • Bei de Fliedermais

    Colonie "Insenborn" 2019

    Méindeg den 22.07.2019 war et esouwäit, d’Kanner sinn mat hiren Groussen Valisen an d’Maison Relais komm an waren voller Virfreed vir op Insenborn an d’Kolonie vir ganzer 4 Nuechten.
    De gemëschten Kanner Grupp (Spillschoul bis 6.Schouljoer) goufen vun 4 Educateuren begleet. (Joy, Adelisa, Marisa, Sam)
    Et huet sech schnell erausgestallt, dass mir déi richteg Woch erausgesicht hunn vir
    mat de Kanner an d’Kolonie ze fueren wann een um Handy d’Meteo vir di ganz Woch gekuckt huet. (Ganz Woch iwwer 35Grad Sonn a Bloen Himmel).
    De Wee op den Stauséi, stoung um Dagesprogramm an huet all Dag vir déi passend Ofkillung gesuergt.
    Eis Maison Relais huet et sech virun 3 Joer zur Aufgab gemaach, zu Insenborn eng Hütt ze erbauen an bei all Visitt „Kolonie“ gëtt dës Gefléckt a mei Grouss gebaut.
    DëseSummer hunn mir aus Paletten Bänken an Dëscher zesummen geneelt a ugestrach vir den passenden Interieur.
    Dënschdeg ass Mueres géint 11h00 en Escher Bus ukomm, mat den rechtlechen Kanner aus eiser Maison Relais, net vir do ze-schloofen mee einfach eng Visitt ze maachen an den Dag Zesummen ze verbréngen. Owes géint 16h30 goung et vir déi Kanner nees Heem a Richtung Esch.
    Am laf vun der Woch hunn mir den Mohammed kennegeléiert, hien huet eis mat vill gudder Laun den DJEMBE virgestallt, an wat een alles domadder kann maachen.Mam Mohammed hunn mir de ganzen Dag verbruecht an souguer am Enn vum Dag huet hien eis gewisen wie een Afrikanesch Bijou’en op traditioneller Art a Weis hierstellt „d’Kanner waren hell-op Begeeschtert“.
    Fazit vun der Woch: Super Meteo, vill Spaass a super Momenter Zesummen verbruecht.
    Villmools Merci un d’Equipe vun Insenborn di eis sou super Opgeholl an Verwinnt huet.

    Maison Relais Fliedermais

  • Bei de Fliedermais

    Grouss Bak Projet FINAL

    Hei de Video zu eiser Grousser Bak Projet FINAL,

    d'Kanner hunn an Zesummenaarbecht mat den Educatricen Veronique an Anais et ganzt Schouljoer 1x Woch gebak,
    do goung et net nëmmen drëms en Kuch ze Backen an duerno Ziessen, am Géigendeel d'Kanner goufen drop preparéiert
    en Kuch am Enn vum Schoul Joer komplett selbstänneg ze Baken ouni Hëllef vun den Educatricen.

    Aus dem Projet sinn 2 Ekippen entstanen, an dunn war et esouwäit... FINAL stoung virun der Dier.
    All Ekipp huet sech Zesummegedoen an se hunn decidéiert welchen Kuch se wëllen Baken an Jury wëllen Begeeschteren mat der Optik souwéi den Goût vun hire Bakprojet.
    D'Jury war komplett onofhängeg a war ganz STRENG...am Enn vun der FINAL huet et missen e Gewënner ginn, mee souvill sief gesot d'Jury huet sech richteg schwéier gedoen well et war Fantastesch wat d'Kanner gebak hunn an huet net schlecht Gestaunt.

     


  • Bei de Fliedermais

    Imagefilm vun der Stad Esch vir de Service Maison Relais

    Maison Relais Fliedermais huet en Imagefilm vir Stad Esch produzéiert/realiséiert.

    De Beruff vum Educateur ass net nëmmen e Beruff vir op Kanner opzepassen mee en ass vill méi villfälteg wei geduercht...
    Dëse klengen Film gëtt en realisteschen wei och flotten Abléck an d'Aarbecht vum Educateur

    Hei klicken vir de Video zekuken


  • Bei de Fliedermais

    Radio Babbel "CHAOS" SENDUNG op 87.6FM "Sendung 9 " 10.12.2018

    Haut eng méi oder manner Chaotesch awer witzeg Sendung....lauschtert eran ;-)

    Zweemol an der Woch während der Mëttegstonn hun puer Kanner Anaïs & Kevin eng Intern Radio Sendung "RADIO BABBEL" an der Maison Relais Fliedermais.

    Während der Sendung bestëmmen d'Kanner weiéng Musek gespillt gëtt an Informéieren hier Kollegen iwwert Aktualitéiten/ Projet'e asw... an der Maison Relais.

    D'Sendung gëtt LIVE aus eisem Eenzegaartegen Studio, iwwert all eis Radio'en an der Maison Relais op 87,6 FM ausgestraalt.

    RADIO BABBEL op 87.6FM

    "Den éischten Internen Maison Relais Radio zu Lëtzebuerg"



  • Bei de Fliedermais

    Radio Babbel SENDUNG op 87.6FM "Sendung 7 " 3.12.2018

    Zweemol an der Woch während der Mëttegstonn hun puer Kanner Anaïs & Kevin eng Intern Radio Sendung "RADIO BABBEL" an der Maison Relais Fliedermais.

    Während der Sendung bestëmmen d'Kanner weiéng Musek gespillt gëtt an Informéieren hier Kollegen iwwert Aktualitéiten/ Projet'e asw... an der Maison Relais.

    D'Sendung gëtt LIVE aus eisem Eenzegaartegen Studio, iwwert all eis Radio'en an der Maison Relais op 87,6 FM ausgestraalt.

    RADIO BABBEL op 87.6FM

    "Den éischten Internen Maison Relais Radio zu Lëtzebuerg"


  • Bei de Fliedermais

    Advent... Advent....

    Och dës Joer hunn mir an eisem Wanter Atelier den Elteren Méiglechkeet ginn sech bei ons en Adventskranz ze bestellen, dëst huet en groussen Succès mat sech bruecht.

    Mir soen eisen Elteren e groussen Merci vir déi flott Ënnerstëtzung.

     

    Produkt Fotografie ass an eegen Regie entstanen an eisem Studio vun eisem Kreativen Studio Team.


Eischt Viregt Nächst Lescht