Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

All News

Joyeuses Pâques @Highländer

11.04.2020
Highlander


L'équipe du Highländer vous souhaite, malgré les circonstances exceptionnelles de joyeuses Pâques!

On reste joinable au numéro 2754-7650 ou par mail sally.gauthier@villeesch.lu

Faites attention à vous, restez à la maison pour qu'on puisse tous se revoir bientôt en pleine forme.
On pense à vous!

Nic, Sandy, Manon, Noémie L. , Noémie, Samantha, Jennifer et Sally

Oueschterkischelcher

11.04.2020
Parc Laval


Hei ass en Video wou ech selwer den Kanner erklären wei een Oueschterkischelcher baakt. 

Vill Spaass! :) 

Link vum Video:  Oueschterkischelcher

Aktivitéiten ouni groussen Opwand

10.04.2020
Parc Laval


Léif Elteren,

héi na zwou kléng Iddien vun Aktivitéiten, déi d'Kanner och gären an der Maison Relais maën, als Iddie fir Oflenkung an ouni Material kaafen ze mussen.

  • Eng Höhl bauen mat Decken, Këssen, Still, Dëscher, etc.. Der Fantasie sinn keng Grenzen gesaat an d'Kanner zeihen sëch erfahrungsgemäss gären esou zëréck an déi Höhl bidd ee weideren Spillraum fir hir Spillereien an Fantasie. An wann dir nofrot, léisst ärt Kand ierch och bestëmmt an seng Höhl.
  • Verkleeden, Modenschau: Dofir braucht dir weider näischt ewéi Zougang op de Kleederschaff. Bidd äre Kanner wann dir wëllt och Kleeder vun ierch un, leet hinnen hir Fues-/Halloweenkostümer eraus. Och héi kënnen d'Kanner sëch super amüséiren an wann dir Zäit an Iddie hutt, kënnt dir mat hinnen spillen an beispillsweis eng Modenschau starten.

Vill Spaass beim Ëmsetzen an ee flotten Ausklang vun der Woch

ärt Cycle 1 Team (Robin Hood an Peter Pan)


Aktivitéit: Kachen a Backen (maison relais papillon)

09.04.2020
Papillon


Kachen an Backen ass eng Aktivitéit, déi d'Kanner gäeren hunn an wou sie och gäeren hëllefen. Mir mussen alleguerten Iessen an mir hunn et alleguerten gäeren, wann éist Iessen mat Léift zouberëed ass an gutt schmaacht! Um Internet fannt dir eng rieseg Collectioun un einfachen Rezepter ouni vill Opwand, wei natierlech och un schwéieren an opwännegen Rezepter, dir kënnt Iech et eraussichen!

Eis Propose: https:// www.allrecipes.com/

Aktivitéit: Divers Spiller fir Doheem (Maison Relais Papillon)

08.04.2020
Papillon


Léif Elteren, Léif Kanner,

D'Aktivitéit dei mir Iech haut proposéieren, sinn divers Spiller an Aktivitéiten fir Doheem. Material brauch een es net vill an se kléngen als géifen se vill Spaass maachen. Probéiert se roueg aus! 

Dir sidd net allèng... summe si mir staark!

08.04.2020
Papillon


Mir sinn net eleng ... mir sinn zesummen a méi staark!

Nous ne sommes pas seuls ... nous sommes ensemble et plus forts!

Não estamos sozinhos... estamos juntos e mais fortes!

We are not alone ... we are together and stronger!


Aktivitéit: Schatzsich am Gaart (Maison Relais Papillon)

07.04.2020
Papillon


D'Natur,

Mat den Kanner eng Schatzsuche maachen am Gaart. D'Kanner sichen mat Hëllef Naturmaterialie, wei der an der Foto (enner dem Link "Fotoen") fannen kënnt.

Alternativ kënnt dir och Fotoen vu verschiddene Insekte, Blummen, Villercher, Bëem, Blieder, etc. maachen. (mat ärem Fotoapparat, ärem Smartphone, ärem Tablet, ärem Nintendo 3DS,...)

Är Iddi, är Porpose, är Kommentarer, etc. (Maison Relais Papillon)

07.04.2020
Papillon


Léif Elteren, léif Kanner,

Hudd dir Iddien fir Aktivitéiten? Hudd dir Proposen fir eis? Hudd dir Korrekturvirschléih? Hudd dir Froën? Wëllt dir gäeren mei wëssen, wei mir mat äeren Kanner schaffen bei Aktivitéiten? Wëllt dir einfach mat eis schwätzen? Wellt dir een Encouragement vun eis? Wellt dir Iech geigensäiteg encouragéieren? Wellt dir är eegen Aktivitéit filmen an mat ären Frënn an Frënndinnen deelen?...

Aktivitéit: Bodyweight Training (Maison Relais Papillon)

06.04.2020
Papillon


Léif Elteren an léif Kanner,

Sport ass wichteg, daat wëssen mir all, et hëlleft eis gesond ze bleiwen, eis Energie lass ze ginn, mir ginn mei kräfteg, mir kréien mei Konditioun,... Mëe grad elo ass Sport immens wichteg mam Virus an mat der Quarantän. Et hält eis gesond, eist Immunsystem aktiv, eis Moral an der Luucht an mir fillen eis einfach besser.
Eischt Viregt Nächst Lescht