Fir datt eis Escher Kanner sech doheem net ze vill langweilen, huet d'Stad Esch e Molprojet lancéiert, bei deem et drëms geet, datt si hir perséinlech Helden an der Coronavirus-Kris molen. Als Merci an Unerkennung fir all déi Persounen, déi a Ament mat vollem Asaz géint de COVID-19 ukämpfen an dobäi iwwer sech eraus wuesse mussen.
Den Einsendeschluss ass den 1. Mai
All News

Aktivitéit: Schatzsich am Gaart (Maison Relais Papillon)
07.04.2020Papillon
D'Natur,
Mat den Kanner eng Schatzsuche maachen am Gaart. D'Kanner sichen mat Hëllef Naturmaterialie, wei der an der Foto (enner dem Link "Fotoen") fannen kënnt.
Alternativ kënnt dir och Fotoen vu verschiddene Insekte, Blummen, Villercher, Bëem, Blieder, etc. maachen. (mat ärem Fotoapparat, ärem Smartphone, ärem Tablet, ärem Nintendo 3DS,...)
Är Iddi, är Porpose, är Kommentarer, etc. (Maison Relais Papillon)
07.04.2020Papillon
Léif Elteren, léif Kanner,
Hudd dir Iddien fir Aktivitéiten? Hudd dir Proposen fir eis? Hudd dir Korrekturvirschléih? Hudd dir Froën? Wëllt dir gäeren mei wëssen, wei mir mat äeren Kanner schaffen bei Aktivitéiten? Wëllt dir einfach mat eis schwätzen? Wellt dir een Encouragement vun eis? Wellt dir Iech geigensäiteg encouragéieren? Wellt dir är eegen Aktivitéit filmen an mat ären Frënn an Frënndinnen deelen?...

Aktivitéit: Bodyweight Training (Maison Relais Papillon)
06.04.2020Papillon
Léif Elteren an léif Kanner,
Sport ass wichteg, daat wëssen mir all, et hëlleft eis gesond ze bleiwen, eis Energie lass ze ginn, mir ginn mei kräfteg, mir kréien mei Konditioun,... Mëe grad elo ass Sport immens wichteg mam Virus an mat der Quarantän. Et hält eis gesond, eist Immunsystem aktiv, eis Moral an der Luucht an mir fillen eis einfach besser.

En klénge Message vun der Equip (Maison Relais Papillon)
05.04.2020Papillon
Léif Elteren an Kanner,
D'Ouschtervakanz huet ugefaangen an mat dësen ongewéinlechen Zäiten wéillten mir Iech gäeren matdeelen, dass mir alleguerten un Iech, Elteren wéi Kanner, denken an mir hoffen ärt Laachen an är Frëed ginn Iech Kraaft an droën Iech erfollegräich duerch dës Challenge.
Mir als Equipe wëllen Iech och matdeelen, dass mir weiderhin alleguerten fir Iech do sin, sollt dir eis brauchen. Dir kënnt eis zur Kontaktopnahm oder bei Froën dofir eng E-mail schécken, op d'Adress: cristina.mesquitasilvarego@villeesch.lu
Vue-que dass mir eis net découragéieren loossen, an Iech net am Stach loossen, setzen mir als Equipe vun der Maison Relais Papillon all Dag eng néi Aktivitéit op dësen Site fir Iech. Mir versichen Iech Aktivitéiten ze proposéieren, dei dir Doheem, ouni vill Arbëscht, Firbereedung an Materialopwand mat ären Kanner maachen kënnt. Mir géifen eis och frëeen, wann dir eis een klengen Message, een klengen Video oder eng kleng Photo vun ärer Aktivitéit géift schécken per E-mail.
Aktivitéiten Doheem... ja, maacht är Aktivitéiten w.e.g. dobannen respektiv an ärem Gaart oder op ärem Balkon an respektéiert w.e.g. sou gutt wei méiglech d'Riichtlinnen vun eiser Regierung. Et wichteg, dass mir alleguerten gutt op eis oppassen an gesond bleiwen.
Mir waarden gespaant op Néiegkeeten vun Iech!
Equipe vun der Maison Relais Papillon

Hëllëf gebräucht?
03.04.2020Brill I
Et ass net einfach, doheem agespoart ze sinn? Matt der Famill, jiddereen hockt dauernd openeen a gët vläit nervös? Et kënnt oft zu Streidereien, zu Gejäiz, oder och méi..?
Hei fannt daer en oppent Ouer an Hëllëf!
https://www.kjt.lu/fr/

Visite Imprimerie@Highländer
01.04.2020Highlander
D'Kanner kruuten haaptsächleg gewisen, dass ganz vill Aarbescht hannert all deem stecht, alles an Etapen gemaach gett an ganz vill mat den Faarwen gespillt gett an et net nemmen em printen an bannen geet.
An dobei kruuten si nach eng zweet Idee, wou een elo schon keint doriver dodenken, eventuell en Kalenner fir 2021 selwer ze maachen?

Achtsamkeet am Moies-accueil@Highländer
30.03.2020Highlander
Mir stellen den Kanner all moies am Accueil en Kader an engem separaten Raum wou sie puer Minutten kennen ofschalten, sech op en laangen Schoulalldag kennen preparéieren andeems sie sech mat klengen Achtsamskeetsübungen entspanen kennen.
Eis ass opgefall dass moies Preparatiounen wei Dusch huelen, sech undoen, Kuerf packen oft mat Stress verbonnen ass.
Mat desen klengen Achtsamkeetsübungen bidden mir den Kanner d'Méiglechkeet un erof ze kommen an an aller Rouh an geloossen zesummen an d'Schoul ze goen.
Grondiddi bei der Achtsamkeet am accueil :
Entspanung fänkt am Kapp un. Einfach Übungen sollen dobäi hellefen den Alldagsstress ze senken.
Achtsamkeet zielt dorops hin, mei am Hei an Elo ze liewen.
Dem Moment selwer mei Opmieksamkeet ze schenken. Dofir ass et wichteg den inneren Autopilot of ze schalten an den Gedankenkarossell ze stoppen.
D'Ziel ass et mei Geloossenheet, mei Opmierksamkeet, eng besser Konzentratioun an Fäegkeet zur emotionalen Selbstregulatioun ze entwéckelen/verbesseren.

Molprojet - Mol eis Déng Helden
27.03.2020Nonnewisen
https://esch.tv/video/605/Kanneremissioun/?fbclid=IwAR2Rm4L6v-3eR_kfWFOsL5xgkNInO1EwqhAlHLF7b-lMjw4Tpu75p4f3o_0

Nach méi wichteg an dësen Zäiten
26.03.2020Brill I
Et ass imens wichteg, séng Hänn oft a richteg ze wäschen. Wéi a wéini Daer dat sollt maachen, fannt Daer hei nach eng Kéier gudd erklärt.
Stay safe! Stay home!

AKTIOUN REEBOU
24.03.2020Nonnewisen
Léif Kanner, léif Elteren,
Mär hun vun enger ganz flotter Aktioun héieren an dëser Zait, wou vill Leit mussen doheem bleiwen..
A ganz Europa molen Kanner e Reebou op d'Fënster.
Maacht och Dir mat!
