Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

All News

Aktivitéit: Kachen a Backen (maison relais papillon)

09.04.2020
Papillon


Kachen an Backen ass eng Aktivitéit, déi d'Kanner gäeren hunn an wou sie och gäeren hëllefen. Mir mussen alleguerten Iessen an mir hunn et alleguerten gäeren, wann éist Iessen mat Léift zouberëed ass an gutt schmaacht! Um Internet fannt dir eng rieseg Collectioun un einfachen Rezepter ouni vill Opwand, wei natierlech och un schwéieren an opwännegen Rezepter, dir kënnt Iech et eraussichen!

Eis Propose: https:// www.allrecipes.com/

Aktivitéit: Divers Spiller fir Doheem (Maison Relais Papillon)

08.04.2020
Papillon


Léif Elteren, Léif Kanner,

D'Aktivitéit dei mir Iech haut proposéieren, sinn divers Spiller an Aktivitéiten fir Doheem. Material brauch een es net vill an se kléngen als géifen se vill Spaass maachen. Probéiert se roueg aus! 

Dir sidd net allèng... summe si mir staark!

08.04.2020
Papillon


Mir sinn net eleng ... mir sinn zesummen a méi staark!

Nous ne sommes pas seuls ... nous sommes ensemble et plus forts!

Não estamos sozinhos... estamos juntos e mais fortes!

We are not alone ... we are together and stronger!


Aktivitéit: Schatzsich am Gaart (Maison Relais Papillon)

07.04.2020
Papillon


D'Natur,

Mat den Kanner eng Schatzsuche maachen am Gaart. D'Kanner sichen mat Hëllef Naturmaterialie, wei der an der Foto (enner dem Link "Fotoen") fannen kënnt.

Alternativ kënnt dir och Fotoen vu verschiddene Insekte, Blummen, Villercher, Bëem, Blieder, etc. maachen. (mat ärem Fotoapparat, ärem Smartphone, ärem Tablet, ärem Nintendo 3DS,...)

Är Iddi, är Porpose, är Kommentarer, etc. (Maison Relais Papillon)

07.04.2020
Papillon


Léif Elteren, léif Kanner,

Hudd dir Iddien fir Aktivitéiten? Hudd dir Proposen fir eis? Hudd dir Korrekturvirschléih? Hudd dir Froën? Wëllt dir gäeren mei wëssen, wei mir mat äeren Kanner schaffen bei Aktivitéiten? Wëllt dir einfach mat eis schwätzen? Wellt dir een Encouragement vun eis? Wellt dir Iech geigensäiteg encouragéieren? Wellt dir är eegen Aktivitéit filmen an mat ären Frënn an Frënndinnen deelen?...

Aktivitéit: Bodyweight Training (Maison Relais Papillon)

06.04.2020
Papillon


Léif Elteren an léif Kanner,

Sport ass wichteg, daat wëssen mir all, et hëlleft eis gesond ze bleiwen, eis Energie lass ze ginn, mir ginn mei kräfteg, mir kréien mei Konditioun,... Mëe grad elo ass Sport immens wichteg mam Virus an mat der Quarantän. Et hält eis gesond, eist Immunsystem aktiv, eis Moral an der Luucht an mir fillen eis einfach besser.

En klénge Message vun der Equip (Maison Relais Papillon)

05.04.2020
Papillon


Léif Elteren an Kanner,

D'Ouschtervakanz huet ugefaangen an mat dësen ongewéinlechen Zäiten wéillten mir Iech gäeren matdeelen, dass mir alleguerten un Iech, Elteren wéi Kanner, denken an mir hoffen ärt Laachen an är Frëed ginn Iech Kraaft an droën Iech erfollegräich duerch dës Challenge.

Mir als Equipe wëllen Iech och matdeelen, dass mir weiderhin alleguerten fir Iech do sin, sollt dir eis brauchen. Dir kënnt eis zur Kontaktopnahm oder bei Froën dofir eng E-mail schécken, op d'Adress: cristina.mesquitasilvarego@villeesch.lu

Vue-que dass mir eis net découragéieren loossen, an Iech net am Stach loossen, setzen mir als Equipe vun der Maison Relais Papillon all Dag eng néi Aktivitéit op dësen Site fir Iech. Mir versichen Iech Aktivitéiten ze proposéieren, dei dir Doheem, ouni vill Arbëscht, Firbereedung an Materialopwand mat ären Kanner maachen kënnt. Mir géifen eis och frëeen, wann dir eis een klengen Message, een klengen Video oder eng kleng Photo vun ärer Aktivitéit géift schécken per E-mail.

Aktivitéiten Doheem... ja, maacht är Aktivitéiten w.e.g. dobannen respektiv an ärem Gaart oder op ärem Balkon an respektéiert w.e.g. sou gutt wei méiglech d'Riichtlinnen vun eiser Regierung. Et wichteg, dass mir alleguerten gutt op eis oppassen an gesond bleiwen.

Mir waarden gespaant op Néiegkeeten vun Iech!

Equipe vun der Maison Relais Papillon

Hëllëf gebräucht?

03.04.2020
Brill I


Et ass net einfach, doheem agespoart ze sinn? Matt der Famill, jiddereen hockt dauernd openeen a gët vläit nervös? Et kënnt oft zu Streidereien, zu Gejäiz, oder och méi..?

Hei fannt daer en oppent Ouer an Hëllëf!

https://www.kjt.lu/fr/

Visite Imprimerie@Highländer

01.04.2020
Highlander


Am Kader vun eisem Projet "Zereck bei traditionell Medien", wou mir selwer eis eegen Zeitung hierstellen, hun mir et wichteg fonnt, den Kanner ze weisen wou d'Zeitungen an Prospekter geprint ginn.

An der Imprimerie "Schlimé", konnten d'Kanner op eng kleng Entdeckungsrees goen.

Direkt am Ufank fun der Imprimerie konnten d'Kanner schon ganz vill Prospekter fannen dei si selwer schon kannt hun, wei zum Beispill fum Pizza Hut, fun der Santé fum "Coronavirus" wou mir all schon an der Breifboite leien haaten oder och ganz einfach den Fouercarnet deen all Joers erauskennt. Ganz vill aaner Saachen wei zum Beispill Kalenneren, Invitatiounen, Flyeren, Newsletter asw fennt een an deser Imprimerie.

Dun ass et weider gaangen richtung Machinen, dei all daat meigleg maachen, dass och esou eppes entsteet. Natierlech ass et verbueden fir d'Kanner soueppes unzepaacken, well do och bestemmten Geforen bestinn.

D'Kanner kruuten erkleart an gewisen, dass all Aarbeschter seng Plaatz an der Imprimerie huet. Dei eng sinn zoustänneg um Computer alles esou ze designen, dass alles richteg geprint gett, dei aaner stinn bei den mei groussen Machinen, fir daat ganzt dann bannen ze kennen, genau esou wei den Client et well.

D'Kanner kruuten haaptsächleg gewisen, dass ganz vill Aarbescht hannert all deem stecht, alles an Etapen gemaach gett an ganz vill mat den Faarwen gespillt gett an et net nemmen em printen an bannen geet.

Den Kanner huet et ganz vill Spaass gemaach an kennen et kaum erwaarden hiert eegent Prospekt ze produzeiren.

An dobei kruuten si nach eng zweet Idee, wou een elo schon keint doriver dodenken, eventuell en Kalenner fir 2021 selwer ze maachen?
Eischt Viregt Nächst Lescht