Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Highly goes Ellergronn : Thema Féier

28.01.2021

Am Laaf vum Schouljoer 2020/2021 geet den Highlander regelmeisseg mat den ennerschiddlegen Gruppen an den Ellergronn fir Aktivitéiten mam Paul Biel oder Camille Reiter zemaachen. Haut wua et un der Grupp Lilie - Cycle 4 fir an den Bësch zegoen an daat zu engem super Thema fir des kaal Joereszäit : FEIER.



Als éischt goufen et mol grondleegend Informatiounen zum Thema Féier. Seit weini gedd et Féier, waat brauch et alles fir dass Féier iwerhaapt entsteet an natierleg och Geforen vum Féier. E bëssen Theorie eben. An dun as den Deel komm, deen't Kanner am léifsten hun : Mir maachen selwer Feier. Als éischt en ganzt Klengt an enger Dous. Mat engem Féiersteen sollten mir Fonken maachen fir dass dann en ausgefranst Stéck Seel soll entflaamen. Bei deenen engen as daat séier gan, bei deenen aneren huet et méi Gedold kascht. Mais um Enn vum Daach kruut jidereen et hin.

No enger klenger Stärkung as der schnuckeleger Hütt mam Kaméin hun mir dun Holzstecker gemaach fir eis méi grousst Féier. An 3 Gruppen huet jidereen eng feierfest Schuel kritt an sollt mat sengen selwer geschloenen Stëcker Holz en klengt Féierschen maachen. Dun as et eis rem gudd waarm gin.

Kanner hun déi aktivitéit super flott fond an weilten direkt erem kommen, Merci dem Ellergronn an besonneg dem Camille Reiter fir deen flotten Nomëtten.


» Fotoen