Erzählwerkstatt @Highly
10.02.2021Ween huet se net gären ... Geschichten. Als Kand hun mir se gären gelauschtert an awer och gären eis eegen Geschichten erfond. Genau dodremms as et bei eiser Erzählwerkstatt ganen.
Kanner hun eng blühend Fantasie, mais fir déi dann als groussen Grupp an eng zesummenhängend Geschicht emzewandelen as dann awer eng Herausforderung. Dofir hun mir einfach eng Erzählwerkstatt als Hëllefsmëttel benotzt. Esou eng Erzählwerkstatt kann aus villem bestoen. Mir hun eis an der éischte Phase fir vill ennerschiddlesch Biller-Kaarten entscheed. Et kann een awer och eng Këscht mat Géigenstänn huelen. Den Zweck vun deenen Hëllefsmëttel as et, ronderem daat Bild bzw Geigenstand en Saatz ze bilden. Dann fiert en anert Kand wéider mat engem aneren Bild / Geigenstand an bild en Satz deen zu deem virdrun passt. Esou entsteht lues a lues eng zesummenhängend Geschicht. Flott un sou enger Erzählwerkstatt as, dass jidereen aner Interpretatiounen huet an och eng aner Fantasie. En plus kommen nie déi selwecht Geschichten dobei eraus, esou gedd et och net langweileg, well een se och emmer erweiteren kann. Héi as eng vun den Geschichten déi erauskomm as vum Cycle 4.
» Fotoen