All News

Eisen Guardenprojet Mr Spillhaus Parc Laval
23.06.2025Parc Laval
Depuis le 8 avril, nous plantons des tomates, des pommes de terre, des tournesols et du millet avec nos enfants de la Creche. Les graines ont d'abord été semées dans de petits pots. De plus, des soucis, de l'arnica et des fraisiers ont été plantés dans les bacs avec les enfants.

Nationalfeierdag an eiser Crèche
20.06.2025Wobrécken (Crèche)
Fir Nationalfeierdag hu mir zesumme mat eisen Kanner eng flott a lecker Aktivitéit organiséiert!
D’Kanner vun 2 Joer hunn hëllefsbereet d’Deeg geknéit an Sabléen an der Form vum Grand-Duché ausgestach. D’Kanner vun 4 Joer hunn duerno mat vill Freed a Kreativitéit d’Kichelcher mat engem dräifaarwege Glace (rout, wäiss a blo) dekoréiert – natierlech a Respekt vun de Faarwe vun eisem lëtzebuergesche Fändel!
Dës Aktivitéit war eng super Geleeënheet fir d’Kanner sech kreativ auszeliewen, zesummen ze schaffen an dobäi eppes iwwert eis Kultur a Fester ze léieren.
Mir si ganz houfreg op eis Kanner a freeën eis dës Momenter mat Iech ze deelen! ❤️

Besuch vum Pistache – en aussergewéinleche Reptil bei eis an der Crèche
12.06.2025Wobrécken (Crèche)
Dës Woch haten eis Kanner eng ganz speziell Iwwerraschung: de Pistache, en Pogona (Baartagam), koum op Besuch! Eng Mataarbechterin vun eiser Crèche huet hien matbruecht, fir de Kanner ze weisen, dass een och en Reptil als Hausdéier hale kann.
D’Kanner waren begeeschtert! Si konnten mat him op engem klenge Spadséiergang goen, him beim Dësche kucken, a souguer selwer mat der Dusch hëllefen. Et war eng flott Geleeënheet fir ze léieren, wéi een esou en Déier gutt behandelt an wat et brauch fir sech wuel ze fillen.
Dëse Besuch war net nëmmen spannend, mee och edukativ: d’Kanner hunn en neit Déier kennegeléiert an dobäi Respekt, Gedold an Opmierksamkeet geübt.

Natur Musée
28.05.2025Wobrécken (Crèche)
Mir hu Freed Iech matzedeelen, datt d’Ausfluch an de Musée national d’histoire naturelle am Gronn ganz gutt verlaf ass!
D’Kanner ware ganz interesséiert, opmierksam a si hu vill Freed un dëser schéiner Entdeckung ronderëm d’Natur, d’Déieren an d’Wëssenschaft gehat.
Si hu vill kënnen erliewen a léieren – zum Beispill d’Nimm vun e puer Déieren an hir Entwécklung op der Äerd, souwéi och verschidde Spezies entdecken, déi si nach ni virdru gesinn haten.
Et war eng flott Aventure fir eis Kanner an och e schéine Moment fir d’Éducateuren, déi vill Freed dorunner haten, dës pädagogesch Aktivitéit ze begleeden an z’animéieren

Handball Turnéier Suessem
20.05.2025Highlander
Participatioun vun der Maison Relais Highlander um Handball Turnéier zu Suessem - super Leeschtung vun eise Cycle 4 Kanner

Projet: Geschichten ronderem d'Welt
16.05.2025Papillon
Haut ass et mat eisem Projet : Geschichten ronderem d'Welt weider gangen. Dei nächst Mamma ass an den Papillon komm an huet en Buch op Bosniesch fiergelies. Dono hun mier eng kleng Diskussioun iwwert Buch
gefouert.
Dem Mak senger Mamma sain Lieblingsiessen? Pita mat vill Fleesch
Wei weit ass et mam Fliger? 2-3 Stonnen, mee et gett keen direkten Fluch.

Projet: Geschichten ronderem d'Welt
16.05.2025Papillon
Haut ass et mat eisem Projet : Geschichten ronderem d'Welt weider gangen. Dei nächst Mamma ass an den Papillon komm an huet en Buch op Franseisch fiergelies. Dono hun mier eng kleng Diskussioun iwwert Buch
gefouert.

Découverte des légumes au Geméisguart CIGL Esch
15.05.2025Wobrécken (Crèche)
Haut haten d’Kanner aus de Gruppe Raupen an Paiperlëcken vun der Crèche Wobrécken eng Moiesstonn voller Entdeckungen am Gemeisgaart vun der Gemeng Esch/Alzette, eng flott Aktivitéit organiséiert vum CIGL.
Um Programm stoung: d’Entdeckung vun engem risege Geméisgaart, eng sensoriell Spadséiergank, d’Beobachtung vum Buedem an d’Planzen vu Mais an Bounen! D’Kanner hunn mat vill Freed a Virwëssenschaft hir Hänn an d’Aerd gestach.
Zum Ofschloss vun dëser schéiner Erfarung hu si e leckere Mëllesiesse preparéiert, mat frëschem Kéis mat Schnëttlauch a Rondellen Rettich op knusperegem Brout, dat mir zesumme mat eelere Leit aus engem Fleegestopp gedeelt hunn.
E grousse Merci un de CIGL Geméisgaart fir hiren häerzlechen Empfang, a Bravo un all eis kleng Gäertner!

Projet: Geschichten ronderem d'Welt
12.05.2025Papillon
Haut ass et mat eisem Projet : Geschichten ronderem d'Welt weider gangen. Dei nächst Mamma ass an den Papillon komm an huet en Buch op Letzebuergesch fiergelies. Dono hun mier eng kleng Diskussioun iwwert Buch
gefouert.
Dem Lyam senger Mamma sain Lieblingsiessen? Kniddelen mat Speck

Projet: Geschichten ronderem d'Welt
08.05.2025Papillon
Haut ass et mat eisem Projet : Geschichten ronderem d'Welt weider gangen. Dei nächst Mamma ass an den Papillon komm an huet en Buch op Deitsch fiergelies. Dono hun mier eng kleng Diskussioun iwwert Buch
gefouert an zum Schluss hun mier nach eppes iwwer den Deitschland geleiert.
Dem Kira senger Mamma sain Lieblingsiessen? Deitsch Kniddelen
Weieng Deieren gin et do? Maus an Wollef
Gett et an Daitschland en Mier? Jo souguer 2, Ostsee an Nordsee
Mier hun och geleiert wei een Moien op Deitsch schreift.