
D’Maison Relais Brouch mécht beim Journalismus-Concours mat!
16.10.2026D’Maison Relais Brouch mécht beim Journalismus-Concours mat!
D’Kanner vun der Maison Relais Brouch schaffen zënter leschtem Joer un hirem Projet „Kanner Zeitung“. Elo maache mir och beim Extra-Klass Journalismus-Concours mat!
Bei dësem Concours kréien d’Kanner d’Méiglechkeet, hir journalistesch Fäegkeeten ze entdecken an hir eege Geschichten ze schreiwen. Si sammele spannend Iddien, stellen Interviewfroen, recherchéieren a léieren, wéi een en Artikel verfaasst.
Fir eis op dësen neie Projet virzebereeden, hu mir Kontakt mat enger Madame vum Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) opgeholl. Si wäert eis e Workshop halen an de Kanner weisen, wéi Journalismus funktionéiert, wéi een déi richteg Froen stellt a wéi een interessant Informatioune sammelt.
Mir freeën eis ganz op dëse Workshop an op déi nei Erfahrungen. Dobäi geet et net nëmmen ëm d’Schreiwen, mee och ëm Teamwork, Kreativitéit an de Spaass drun, Neies ze entdecken.
Eist Zil? Eng flott Zeitung ze gestalten, déi weist, wat eis Kanner alles kënnen an ze soen hunn!
Mir si gespaant op dës journalistesch Aventure a freeën eis, eis Resultater mat iech ze deelen.
Déi jonk Journaliste vun der Maison Relais Brouch
» Fotoen
