Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Kannerzeitung-E spannenden Abléck hannert d’Kulisse vum Déierepark zu Beetebuerg

06.10.2026



Mir waren an der Zooschoul zu Beetebuerg an haten do d’Méiglechkeet, hannert d’Kulisse vum Déierepark ze kucken. Et war e ganz interessanten an ofwiesslungsräichen Dag, bei deem mir vill Neies iwwer d’Déieren an hir Versuergung geléiert hunn.

De Park ass a véier verschidden Departementer opgedeelt. All Departement huet seng eegen Aufgaben a këmmert sech ëm verschidden Aspekter vum Déierepark. Mir hunn erkläert kritt, datt eng gutt Zesummenaarbecht tëscht dësen Departementer ganz wichteg ass, fir datt den Alldag am Park reibungslos funktionéiert an d’Déiere gutt versuergt ginn.

Mir hunn och geléiert, wat am Zoo geschitt, wann d’Visiteuren owes fort sinn. Bis zur Fermeture um 19 Auer sinn nach Mataarbechter am Park. Duerno ass keen méi am Zoo. Moies mécht d’Fleegepersonal als éischt en Tour duerch de Park. Si kucken no, ob all d’Déiere gesond a sécher sinn, ob keen Déier verletzt oder gestuerwen ass an ob iergendwou eppes futti ass.

No dësem Kontrolltour setzen d’Mataarbechter sech zesummen a beschwätzen alles, wat si entdeckt hunn. Esou kënne si séier reagéieren, wann et e Problem gëtt. Duerno kommen déi aner Aarbechter a fänken mat hiren Aufgaben un. Si reparéieren futti Saachen, botzen d’Geheeger an d’Weeër a këmmeren sech ëm den Ënnerhalt vum Park.

Besonnesch spannend war et ze gesinn, wéi d’Déiere gefiddert ginn. Mir hunn erkläert kritt, datt net all Déier dat selwecht ësst an datt d’Fudder genee un déi verschidden Déieren ugepasst gëtt. D’Quantitéit an d’Zesummesetzung vum Iesse spille dobäi eng wichteg Roll. D’Mataarbechter preparéieren d’Fudder a verdeelen et op déi verschidde Geheeger.

Bei der Fudderverdeelung kucken d’Mataarbechter och genee no den Déieren. Si kontrolléieren, ob all Déier normal ësst a sech normal verhält. Dobäi kënne si feststellen, ob en Déier eventuell verletzt oder krank ass. D’Fudderzäit ass also eng gutt Geleeënheet, fir d’Gesondheet vun den Déieren ze iwwerpréiwen an hinnen, wann néideg, séier ze hëllefen.

Mir hunn och geléiert, datt verschidde Fleeschfriesser, wéi zum Beispill Wëllef a Krokodillen, mat doudegen Déiere gefiddert ginn. Fir d’Fudder ginn nëmmen doudeg Déiere benotzt. Dat ass wichteg, well d’Déiere sollen net lieweg gefiddert ginn. D’Fudder gëtt virsiichteg virbereet an un d’Bedierfnesser vun den Déieren ugepasst.

Donieft hu mir vill iwwer den Alldag vun den Déieren geléiert. Mir kruten erkläert, wéi d’Déiere versuergt ginn, wéi hir Geheeger organiséiert sinn a wat d’Mataarbechter alles maache mussen, fir datt et hinne gutt geet. Déi véier Departementer schaffen dobäi enk zesummen a droen all op hir Manéier zum Fonctionnement vum Park bäi.

Mir hunn och iwwer d’Geschicht vun den Zooe geschwat. Virun honnerten Jore goufen Déieren dacks gefaangen an an Zooe bruecht, fir datt d’Leit se konnte gesinn. Haut ass dat net méi de Fall. Déiere ginn net einfach méi aus der Natur gefaangen. Si ginn haaptsächlech tëscht Zooe getosch oder, wann néideg, vun engem Zoo bei en aneren iwwerginn. Heiansdo ginn Déieren och kaaft, mee dat geschitt ënner strenge Reegelen. D’Zil ass, d’Déieren ze schützen an eng gesond Zucht ze erméiglechen.

E weidert interessant Thema war d’Wanterpaus. Mir hunn geléiert, wéi verschidden Déieren sech am Wanter verhalen a firwat si an dëser Zäit aner Bedierfnesser hunn. Dobäi hu mir gemierkt, datt hannert der Fleeg vun den Déiere vill Wëssen, Virbereedung an Aarbecht stécht.

Dëse Besuch an der Zooschoul war fir eis eng flott Erfarung. Mir konnten net nëmmen d’Déiere gesinn, mee och entdecken, wat hannert de Kulisse geschitt. Mir hunn immens vill geléiert a kruten en Abléck an eng Welt, déi d’Visiteuren normalerweis net ze gesi kréien.

Et war e spannenden, léierräichen an onvergiesslechen Dag zu Beetebuerg!




» Fotoen