Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Sortie Haff

Eis maison relais huet Zougang zu zwee Schoulhaffen, dee méi klengen befënnt sech bei der Entréesdier vun der maison relais. Dëse Schoulhaff ass duerch Sécherheetsdiere geséchert a gëtt während der Schoulzäit vun de Kanner aus dem Cycle 2 genotzt. Et gëtt eng Spillplaz am Sand, en Zuch, eng Feinmotorik Spillmauer an ofgebild Spiller um Buedem. Fir op den zweeten Schoulhaff ze kommen, muss een d'Trap benotzen, déi um Enn vum klengen Schoulhaff steet. Fir d'Sécherheet vun de Kanner ze garantéieren, huet d'Trap en Gelänner, wou sech d'Kanner unhalen kënnen. Dëse Schoulhaf ass liicht méi grouss, dofir gëtt e während der Schoulzäit vun den Cyclen 1, 3 a 4 genotzt. An dësem Schoulhaff gëtt et eng Igloo Hütt, eng Schaukel, Trampolinen, Gläichgewiicht Coursen a Spiller déi um Buedem ugewisen sinn.