Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Kreatifsall "Art Attack"

Den Art Attack Beräich as fir all Kand zougänglech an ass duerch seng funktionell Beräicher gendergerecht ageriicht. D'Kanner hunn d'Méiglechkeet hir Kreativitéit a verschidden Beräicher auszedrécken well hinnen verschidden Ecker a Material zur Verfügung steet.

  • Am mool Eck sinn zwee kleng Dëscher a Still, eng Tafel, e Trolley mat Faarwe an e Regal mat verschiddene Materialien.
  • Am bastel Eck gëtt et e laangen Dësch, Still an zwou Arten vun Regaler. Den Educateur bitt de Kanner verschidden Bastelaktivitéiten un, déi d'Kanner no Loscht an Laun hirstellen kënnen.
  • Am bitz Eck befannen sech zwee Bitzmaschinen op engem Dësch. Un de Mauren hänken vun den Kanner hirgestellt Kleedungsstécker, fir hinnen Motivatioun ze ginn an sie ze stimuléieren.
  • Am experimentellen Eck gëtt et e ronnen Dësch mat sechs Still. En as ronn a Form, sou datt d'Kanner gläichzäiteg d'Entwécklung an d'Resultater vum Experiment beobachten kënne. Nieft dem Dësch ass e Regal mat Materialien fir d'Experimenter an zum Thema Natur. Dozou gehéieren Mikroskopen, Lupen, Reagenzglieser, Pinzetten, asw.
  • Nieft dem Experiment/ Natur Eck ass eisen holz Eck. Do sinn zwee Aarbeschtsdëscher, wou d'Kanner hir Holzprodukter produzéieren kënnen.