Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Multikultisall

Den Multikultisall ass e multifunktionelle Raum an deem Rythmus, Beweegung a Rollespill thematiséiert ginn. Dofir den Numm "Multi-Kulti". Dëse Raum ass fir all Kanner zougänglech an gendergerecht gestalt ginn anhand vun sengen Ecker an Funktiounen. Wéinst senger Gréisst an der Diversitéit bitt dëse Raum de Kanner vill Übung, Selbstbestëmmung, fräi Spill, Opbau vun sozial Bezéiungen, Kommunikatiounsméiglechkeeten a Wuelbefannen. De Motto vun dësem Zëmmer ass "Sief wéis du bass/ wëlls sinn". An dësem Sall loossen d'Kanner lass, toben sech no hire Bedierfnesser aus an loossen hirer Fantasie fräien Laaf. Och d'Grob- an d'Feinmotorik vun den Kanner gëtt hei gestärkt.

  • Am Rollenspill Eck sinn den Moment d'Apdikt, den Dokter, d'Sekretärin, d'Waardezëmmer an den Upcyclingberäich eremzefannen.
  • Am Beweegungs Eck gëtt et e grousse Schaf deen an zwou Hälften opgedeelt ass. Op der lénker Säit vum Schaf sinn XXL Gesellschaftsspiller, vun deenen d'Kanner e puer selwer gemaach hunn. Op der rietser Säit gëtt et Material fir d'Beweegung, wéi Teppecher, Këssen a Yogamatten.
  • Am Museks Eck gëtt et e Regal mat verschiddene Instrumenter, déi dem Alter vun de Kanner ugepasst sinn.