Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Relax-Area

D'Relax-Area ass de Nieweraum vum Multi-Kulti Sall an dee klengste Ruam an der maison relais. Dëse Sall ass fir all Altersgruppen an der maison relais ugepasst, sou datt all Kand d'Méiglechkeet huet sech zeréckzezéien, ze entspanen an e Moment fir sech selwer ze hunn. D'Kanner entscheeden selwer, ob si eleng sinn wëllen oder mat anere Kanner. Den Entspanungsraum soll de Kanner Sécherheet, Selbstbestëmmung a Wuelbefannen bidden (och falls d'Kanner krank sinn). 

Dank senge verschiddenen Ecker huet de Raum vill Méiglechkeeten fir auszeschalten. An dësem Zëmmer gëtt et e grousst Regal mat Bicher, engem Aquarium, Canapéë, e PC Eck an en Fernseh Eck.