Sport und Spass
Den Atelier "Sport a Spaass" ass och bekannt als LASEP.
De Fokus an d'Funktioun vun dësem Atelier sinn d'Bewegung an d'Gymnastik. D’Kanner kréien d’Méiglechkeet, zesummen mat den Erzéier aus eiser Maison Relais, Gymnastik an engem Turnsall ze maachen, ënnert der Leedung vun externen Gymnastikproffen (LASEP). All Kand dierf fräiwëlleg matmaachen a kee Kand ass forcéiert bei dem Sport matzemaachen.
D'LASEP soll de Kanner d'Chance ginn hire Kierper besser kennen ze léieren an hir Fein- a Groussmotorik ze verbesseren.
Den Atelier soll och de Kanner duerch spilleresch an ofwiesslungsräich Aktivitéiten de Spaass vum Sport weisen.