Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Spillwelt


De Rollespillsall vun eiser Institutioun gëtt och "Spillwelt" genannt.
De Fokus vun dësem Sall ass d'Nospillen vu Rollen, "Virbilder" an erlieften Situatiounen. Dofir gëtt de Kanner en optimalen an invitéierende Kader ugebueden, deen d'Fantasie stimuléiere soll an et de Kanner méi einfach maache soll, sech a Rollen eran ze versetzen.
 
Rollespillerberäicher déi ugebuede ginn enthalen, zum Beispill:
  • Kichen
  • Restaurant
  • Supermarché
  • Büro
  • Schoul
  • Schlofkummer
  • Spillschoul
  • Dokter Zëmmer
  • etc.