Schoulhaff
Dësen Atelier befënnt sech ausserhalb vum Gebai an erlaabt de Kanner sech an der frëscher Loft ze beweegen.
D'Kanner sollen d'Méiglechkeet hunn ze trainéieren a kréien och sportlech Aktivitéiten ugebueden wéi Hinderniscoursen, Badminton, Seel Sprangen, asw.
Fir den Atelier Schoulhaff stinn de Kanner all Zorte vu Materialien fräi zur Verfügung.
E puer Beispiller sinn hei:
- Hulla Hoop Räifen
- Seel sprangen
- Verkéiers Kegel
- Behälter
- méi kleng + méi grouss Bäll