Restaurant
De Restaurant, befënnt sech um éischte Stack vun eiser Maison Relais. Hei steet d'Iesssituatioun als wichtegen Deel vum pädagogeschen Alldag am Mëttelpunkt.
D'Kanner kënnen sech un engem ofwiesslungsräichen Iessbuffet selwer zerwéieren. D'Educateuren begleeden a ënnerstëtzen si dobäi a suergen dofir, datt all Kand eng waarm an equilibréiert Moolzecht kritt. Dobäi gëtt besonnesche Wäert op d'Entwécklung vun der Selbststännegkeet, der Responsabilitéit an enger positiver Iesskultur geluecht.
Am Restaurant kënnen d'Kanner fräi ee vun den 13 Dëscher auswielen an och selwer entscheeden, niewent wiem si gäre sëtze wëllen – sief et en anert Kand oder en Educateur. Dës fräi Wiel stäerkt hir Partizipatioun an hir Matbestëmmung am Alldag a fërdert gläichzäiteg sozial Kompetenzen, wéi den respektvollen Ëmgang mateneen an d'Bildung vu Bezéiungen.
De Restaurant ass mat enger Kitchenette equipéiert, déi net nëmme fir d'Virbereedung vu Liewensmëttel, mee och fir pädagogesch Aktivitéite genotzt gëtt. Si ass inklusiv ageriicht, esou datt all Kand – onofhängeg vu senge Fäegkeeten – Zougang zum Material huet a sech aktiv un den Aktivitéite bedeelege kann. Doduerch ginn d'Autonomie, d'Motorik an den Alldagskompetenze vun de Kanner gezielt gefërdert.
Nom Iessen déngt de Restaurant als rouegt Aarbechtsëmfeld fir d'Hausaufgaben. Fir d'Kanner dobäi optimal z'ënnerstëtzen, stinn hinnen ënner anerem Dictionnairen an Kopfhörer zur Verfügung. D'Kopfhörer hëllefen dobäi, Ëmgeréischer auszeblenden an d'Konzentratioun ze fërderen, besonnesch bei Kanner, déi empfindlech op akustesch Reizer reagéieren oder sech séier oflenke loossen. Esou gëtt all Kand individuell a senge Léierbedierfnesser ënnerstëtzt.
