Infos parents
Kalenner
Zum KalennerNeiegkeeten
- Papillon
En klénge Message vun der Equip (Maison Relais Papillon)
Léif Elteren an Kanner,
D'Ouschtervakanz huet ugefaangen an mat dësen ongewéinlechen Zäiten wéillten mir Iech gäeren matdeelen, dass mir alleguerten un Iech, Elteren wéi Kanner, denken an mir hoffen ärt Laachen an är Frëed ginn Iech Kraaft an droën Iech erfollegräich duerch dës Challenge.
Mir als Equipe wëllen Iech och matdeelen, dass mir weiderhin alleguerten fir Iech do sin, sollt dir eis brauchen. Dir kënnt eis zur Kontaktopnahm oder bei Froën dofir eng E-mail schécken, op d'Adress: cristina.mesquitasilvarego@villeesch.lu
Vue-que dass mir eis net découragéieren loossen, an Iech net am Stach loossen, setzen mir als Equipe vun der Maison Relais Papillon all Dag eng néi Aktivitéit op dësen Site fir Iech. Mir versichen Iech Aktivitéiten ze proposéieren, dei dir Doheem, ouni vill Arbëscht, Firbereedung an Materialopwand mat ären Kanner maachen kënnt. Mir géifen eis och frëeen, wann dir eis een klengen Message, een klengen Video oder eng kleng Photo vun ärer Aktivitéit géift schécken per E-mail.
Aktivitéiten Doheem... ja, maacht är Aktivitéiten w.e.g. dobannen respektiv an ärem Gaart oder op ärem Balkon an respektéiert w.e.g. sou gutt wei méiglech d'Riichtlinnen vun eiser Regierung. Et wichteg, dass mir alleguerten gutt op eis oppassen an gesond bleiwen.
Mir waarden gespaant op Néiegkeeten vun Iech!
Equipe vun der Maison Relais Papillon - Papillon
Den Sproch vun der Woch
Den Sproch vun dëser Woch ass:
(ENG) People will always have something to say. (Two people on donkey's back. Poor animal. / How cruel he is by letting his wife walk. / How stupid he is by letting his wife take the ride alone? / Fools! Don't even know how to utilize a donkey.)
(LU) D'Léit hunn ëmmer eppes ze soën. Et kann een et nie jidferengem Recht maachen. (Zwou Persounen op dem Iesel sengem Réck. Dat aaremt Déier. / Wéi grausam, hien léisst seng Fra trëppelen. / Wéi domm ass hien dach, seng Fra alleng reiden ze lossen. / ****! Déi wëssen net emol wei een en Iesel benotzt.)
(FR) Les Autres ont toujours quelque chose à dire. On ne peut jamais satisfaire tout le monde.
(DE) Die Anderen werden immer etwas zu sagen haben, egal was du tust. (Zwei Personnen auf dem Rücken eines Esels. Armes Tier. / Wie grausam, er lässt seine Frau laufen. / Wie dumm er doch ist seine Frau alleine reiten zu lassen. / Narren! Wissen nicht einmal wie man einen Esel benutzt.)
Maach eng Paus an denk driwwer no.... - Papillon
Den Sproch vun der Woch
De Sproch vun dëser Woch ass:
(ENG) Life doesn't get easier, you just get stronger!
(LU) D'Liewen gëtt net méi einfach, du gëss allerdéngs méi staark!
(FR) La vie ne devient pas plus facile, pourtant c'est toi qui devient plus fort!
(DE) Das Leben wird nicht leichter, du wirst jedoch stetig stärker!
Maach eng Paus an denk driwwer no! - Papillon
Den Sproch vun der Woch
Den Sproch vun dëser Woch ass:
(LU) Et ass net wichteg wéi aaner Léit dech gesinn. Wéi's du dech selwer gesais ass wichteg!
Et ass net wichteg wat aaner Léit vun mir denken. Wat denken ech iwwert mech selwer? Dat ass wichteg!
Et spillt keng Roll wat aaner Léit iwwert mech soën. Wat soen ech iwwert mech selwer, dat ass vill méi wichteg.
(DE) Wie andere Menschen dich sehen, spielt keine Rolle. Wichtig ist jedoch, wie siehst du dich selbst?
Was andere Menschen über dich denken, spielt keine Rolle. Was du über dich selbst denkst, ist viel wichtiger!
Was andere Menschen über dich sagen, ist nicht wichtig. Bedeutsam ist es, was du über dich selbst sagst!
(ENG) How other people see you is not important. How you see yourself means everything!
It's not important what other human beings think about you, it matters what you think about yourself!
It doesn't matter what they say you are, it only matters who you say you are!
(FR) Il n'est pas important de quelle manière les autres gens te voient. La seule chose importante c'est: Comment est-ce que tu te vois toi-même?
Est-ce que c'est important qu'est-ce que les gens pensent de toi? Non, c'est important ce-que tu penses de toi!
Qu'est-ce que les autres êtres humains disent de toi ne joue pas un rôle, mais pourtant ce que tu dis de toi même joue un rôle très important.
Maach eng Paus an denk driwwer no... - Papillon
Den Ridoy muss schaffen goën fir seng Fussballschung...
Am Kader vun éisem Medienpädagogik-Projet, hunn mir haut eng Dokumentatioun gekuckt, wou den Jong mam Numm Ridoy, 10 Joër, an Bangladesch muss all Dag 10 Stonne an eng Liederproduktioun schaffen muss goën fir nëmmen 25€ den Mount ze verdéngen. Hien muss schaffen goën mat sengen Gesechter, well seng Elteren net mei schaffen kënnen goën an et soss fir an hannen iwwerhaapt net méi duergeet fir ze liewen. Dem Ridoy säin Draam ass et an d'Schoul dierfen ze goën an sech enges Dags eegen Fussballschung kaafen ze kënnen an hien hofft, dass d'Lieder dat hien gehollef huet ze produzéieren, villäicht als Schung verschafft gëtt fir een vun den weltberühmten Fussballer. - Papillon
Den Sproch vun der Woch
Een grousse Merci un "@Successpictures" fir dëst Bild.
Den Sproch vun der Woch:
(ENG) You never know what someone is going through. Be kind always.
(FR) Tu ne sais jamais ce que quelqu'un est en train de traverser. Soi gentil tout le temps.
(DE) Du weisst nie, was jemand derzeit durchlebt. Sei immer freundlich.
(LU) Du wëes nie duerch wat een Aaneren duerchliewt. Sief ëmmer frëndlech.
Maach eng Paus an denk driwwer no...
