Ouschterhues Deko
13.04.2020Et ass Ouschteren. An dir fehlt nach en bessen Dekoratioun? Dann ass hei eng Idee fir dech...
Waat brauchs de:
- Toilettenrouleaux´en
- Gouache oder Wasserfaarwen
- 1Blaat oder 1 Karton
- Wackelaen
- 1 schwarzen Steft
- Tipp-Ex
- Lineal
- Bleisteft
- Pesch
Wei geet daat:
Huel en oofgeweckelten Toilettenpabeierrouleau an sich dir eng flott Fuarw eraus, dei dein Hues soll kreien. Mol den ganzen Rouleau des Faarw un.
As d´Faarw dreschen, dann huel en schwarzen Steft an mol dengem Hues (wei z.B. um Bild) en flott Gesied.
Dem Hues seng Aen kanns de och molen, oder mat Wackelaen machen. Zänn vum Hues gin mat en bessen Tipp-Ex gestallt.
Dem Hues seng Oueren kanns de entweder mat engem Blaat oder engem dennen Karton bastelen. Huel den Karton an schneit 2 Streifen, dei jeweils 16 cm lang an 2 cm breed sin, eraus.
Mol se faarweg.
Diebel se an der Halschent vun der Längt, wei um Bild ze gesin, an pesch dei 2 mat enger Sait uneneen. Dei 2 aaner Saiten, kanns de elo bannen an den Hues unpeschen. Faerdeg sin seng Oueren an faerdeg ass och den eischten Hues.
Wei flott wier et elo, wann den Hues nach en Kolleg haett, fir zesummen ze spillen...also bastel direkt nach een zweeten Hues :-)