Infos parents
Kalenner
Zum KalennerNeiegkeeten
- Papillon
Aktivitéit: Kachen a Backen (maison relais papillon)
Kachen an Backen ass eng Aktivitéit, déi d'Kanner gäeren hunn an wou sie och gäeren hëllefen. Mir mussen alleguerten Iessen an mir hunn et alleguerten gäeren, wann éist Iessen mat Léift zouberëed ass an gutt schmaacht! Um Internet fannt dir eng rieseg Collectioun un einfachen Rezepter ouni vill Opwand, wei natierlech och un schwéieren an opwännegen Rezepter, dir kënnt Iech et eraussichen!
Eis Propose: https:// www.allrecipes.com/ - Papillon
Aktivitéit: Divers Spiller fir Doheem (Maison Relais Papillon)
Léif Elteren, Léif Kanner,
D'Aktivitéit dei mir Iech haut proposéieren, sinn divers Spiller an Aktivitéiten fir Doheem. Material brauch een es net vill an se kléngen als géifen se vill Spaass maachen. Probéiert se roueg aus! - Papillon
Dir sidd net allèng... summe si mir staark!
Mir sinn net eleng ... mir sinn zesummen a méi staark!
Nous ne sommes pas seuls ... nous sommes ensemble et plus forts!
Não estamos sozinhos... estamos juntos e mais fortes!
We are not alone ... we are together and stronger!
- Papillon
Aktivitéit: Schatzsich am Gaart (Maison Relais Papillon)
D'Natur,
Mat den Kanner eng Schatzsuche maachen am Gaart. D'Kanner sichen mat Hëllef Naturmaterialie, wei der an der Foto (enner dem Link "Fotoen") fannen kënnt.
Alternativ kënnt dir och Fotoen vu verschiddene Insekte, Blummen, Villercher, Bëem, Blieder, etc. maachen. (mat ärem Fotoapparat, ärem Smartphone, ärem Tablet, ärem Nintendo 3DS,...) - Papillon
Är Iddi, är Porpose, är Kommentarer, etc. (Maison Relais Papillon)
Léif Elteren, léif Kanner,
Hudd dir Iddien fir Aktivitéiten? Hudd dir Proposen fir eis? Hudd dir Korrekturvirschléih? Hudd dir Froën? Wëllt dir gäeren mei wëssen, wei mir mat äeren Kanner schaffen bei Aktivitéiten? Wëllt dir einfach mat eis schwätzen? Wellt dir een Encouragement vun eis? Wellt dir Iech geigensäiteg encouragéieren? Wellt dir är eegen Aktivitéit filmen an mat ären Frënn an Frënndinnen deelen?... - Papillon
Aktivitéit: Bodyweight Training (Maison Relais Papillon)
Léif Elteren an léif Kanner,
Sport ass wichteg, daat wëssen mir all, et hëlleft eis gesond ze bleiwen, eis Energie lass ze ginn, mir ginn mei kräfteg, mir kréien mei Konditioun,... Mëe grad elo ass Sport immens wichteg mam Virus an mat der Quarantän. Et hält eis gesond, eist Immunsystem aktiv, eis Moral an der Luucht an mir fillen eis einfach besser.
