Infos parents
Kalenner
12.05: Maman de Lyam lit une histoire
13.05: Zirkusschoul
15.05: Maman de Khloé lit une histoire
15.05: Beach Volley
20.05: Maman de Mustafa lit une histoire
Neiegkeeten
- Papillon
DIY: Tabletop Game Pt. 2
Zanter deems d'Grondidee entwèckelt gouf, huet sech d'Panzerspill konkretiséiert. Elo sinn d'Spillfiguren gemach ginn, mat der Päschpistoul gouf een Sockel un déi eenzel Figuren unbruecht, d'Spillfeld gouf per Hand an Quadrater vun 2x2cm angedeelt, d'Spillregelen goufen konzipéiert, Testläf vum Spill hunn stattfonnd an elo sinn zum Schluss nach eenzel individuel Elementer wéi Wasser, Brècken, Bierger, Sand, etc. als Terrain dobai komm, déi d'Spill méi schwiereg an ofwiesslungsräich gestalten sollen. D'Basisspill steet an ass prett gespillt kënnen ze ginn. Gudd geschafft dir jonk Léit! - Breedewee
PapillonWëssensatelier
Jeudi dernier, après le trajet en bus et puis à pied, on avait rendez-vous avec les enseignants du Lycée Belval. Pour cette année, le Ministère de l'éducation et de la formation professionnelle a pu gagner un nouvel enseignant dans le cadre du Wëssensatelier, qui donne des cours sur le traitement des métaux. Pour entamer ce sujet, les enfants ont eu l'opportunité de créer leur propre porte-stylo de féraille en laiton. - Papillon
DIY: Tabletop Game
Eis Jongen aus dem Sall vun den Rouden Léiwen bastelen hiert eegent Tabletop Game. Dëst ass quasi eng Mëschung aus Rollenspill mat Mensch ärger dich nicht, just mat eegenen Regelen an engem eegnen Thema. - Breedewee
PapillonMewtwo comes to Brill!
Dëse Méindeg sinn mir, d'Maison Relais Papillon an d'Maison Relais Breedewee zesummen faarw op d'Brillplaz brengen gaangen. Dëst ass den Artikel vun engem vun éisen Kanner, daat mat dobai war:
das sind wir, wir malen auf den boden mit der kreide .wir wollten in die stadt belval gehen ,aber wir sind nicht gegangen weil ,wir hatten in belval fast keinen platz zum malen .aber dann hatte jemand eine idee er sagte :"komm wir gehn auf den brill platz ". 1 kind hat den kopf von bartssimsons , 6 kinder haben den mewtwo gemalt , 3 kinder haben butters gemalt. - Papillon
Generell Informatiounen zu onser Maison Relais
An dem ungehaangenen Dokument wäert dir nëtzlech Informatiounen fannen zu onser Maison Relais Papillon, ewéi: Telefonsnummeren, Adress, generell Beschréiwung, Kader vun den Aktivitéiten, Féierdeeg an d'Schoulvakanzen vun 2019-2020. - Papillon
Summerfest 2019
Léif Elteren, Léif Matarbeschter,
Heimadden lueden mir Iech alleguerten häerzlech an un éisem Summerfest 2019 deel ze huelen!
Wéini? Freideg, den 12. Juli 2019 ab 16.30 Auer
Wou? An der Maison Relais Papillon
Fir Iessen an Gedrènks ass gesuergt: Gegrills, Zaloot, Kuch, Gauffren,... Fir alleguerten, ob grouss oder kleng, ass eppes dobai!
Fir d'Kanner sinn selbstverständlech Aktivitéiten an Spiller firgesinn, dei dem Wieder entspriechend gewiehlt ginn.
Eist Christina weist Iech zu dëser Geleenheet och nach een Film mam "Best of 2019" vun eiser Maison Relais.
Hudd dir deen Dag nach näischt um Programm oder hudd dir einfach Loscht kuerz eranzesprangen? Dir sidd häerzlech Wëllkomm!
Mir frëeen eis Iech all begréissen ze dierfen!
Mat héiflechen an kollegialen Gréiss,
D'Equip vun der Maison Relais Papillon