Passer au contenu principal Passer au menu principal

Kalenner

Zum Kalenner

Actualités

  • Grand Rue

    Recap Talentshow Woch 2

    Och an deser Woch stung erem Talentshow um Programm. Alleguer d'Kanner wou matgemaach hun sinn och an dei 2. Ronn komm. Hei gesidd der rem puer Andréck vun deser Woch.


  • Breedewee
    Grand Rue

    Plan d'activités pour les vacances de Toussaint

    Chers parents,


    Voici le programme d'activités pour les vacances de toussaint à la Maison Relais Grand-Rue.

    Nous vous souhaitons à tous de bonnes vacances.


  • Grand Rue

    Andréck vun deser Woch 09.10 - 13.10

    Um Plang des Woch stoungen erëm richteg vill flott Aktivitéiten a Projeten. Et gouf erëm ganz vill gebastelt vir Halloween, an eise Konschtsall gouf an engems mat schéin dekoréiert. Et stoungen och vill Beweegungsspiller um Plang wei zb Zombie Ball, verschidde Koordinatiounsspiller, Stoppdance, en Tic Tac Toe am Groussen oder "The Floor is lava". Och am kreative Beräich hunn mer villes proposéiert. Vun Geschichten erfannen, Bauaktivitéiten bis Molaktivitéiten war e bëssen vun allem dobäi. Och eis Projeten ewéi Talentshow, Musikprojet oder Gebärdensprooch hunn erëm stattfonnt. Hei op de Biller gesitt der eng kleng Zesummenfaasung vun dëser Woch.


  • Grand Rue

    Andréck vun der Woch vum 02.10 bis den 06.10

    Des Woch stoungen erëm vill interessant Aktivitéiten a Projeten um Programm. Kanner haten eng grouss Auswahl vu verschiddenen Aktivitéiten an de verschiddenen Säll. Am Stage huet zb Mëttwochs Talentshow stattfonnt a Kanner konnten sech Méindes ob hier Performance virbereeden. Am Mediasall hu mer op de Computere Recherchë gemaach, verschidden Aarte vu Quizzer a Fotoe vun de Casë goufen do ausgedréckt. An der Bibliothéik goufe Projete Gebärdensprooch a Musek gemaach. Et goufen och Geschichte virgelies oder erfonnt a Kanner konnten hei richteg kreativ ginn. Och Gesellschaftsspiller hu mer ugebueden. Well vill Kanner och de Besoin hunn an enger roueger Atmosphäre mateneen ze schwätzen oder och mat den Educateuren ze schwätzen, haten mer dann och eng "table de discussions" des Woch.

    Am Bausall goufe rëm Bauconcourser gemaach. Op Tierm oder Haiser bauen, och hei konnt all Kand frei entscheeden, wat se Loscht ze bauen hunn. Am Konschtsall hu mer weider Gas gi mat eiser Halloween Deko. Hei komme mer ganz gutt weider a mer si scho bal prett vir Halloween. Als Ofwiesslung vum Halloween bastele goufen och Steckbreifer vun de Kanner am Konschtsall gemaach an zuguer Selfmade Plasteline.

    Am Beweegungsraum war da méi Aktioun. Vun Dr. Doom, Lets Move bis Zombie Ball war bëssen alles dobäi. Vir e bësse kennen ofzeschalten hu mer och Yoga ugebueden.


  • Grand Rue

    Andréck vun der Woch vum 25.09 - 29.09

    Des Woch stoungen erëm vill flott Aktivitéiten um Programm. Et goufen och nach déi läscht Preparatiounen gemaach, wei e Fotoshooting vir d´Casen vun de Kanner. Vir dass d´Kanner sech direkt un de Roulement vun der Maison Relais gewinne kennen, hate mer des Woch e Kannercomité, wou mer de Kanner Reegelen an de Roulement erkläert hunn. De Kannercomité fënnt 1x pro Mount statt. Hei kenne Kanner sech expriméieren an sech mat den Educateuren austauschen a si fräi, hier eege Meenung ze soen. Et gouf och eng Eltereversammlung gemaach, wou mer alleguer d´Elteren agelueden hunn. Op dëser Versammlung hunn mer d´Elteren iwwer de Roulement a Reegele vun eiser Maison Relais informéiert. Och all eis Projete goufe virgestallt an Elteren konnten hier Froe stellen. Och mat eiser Halloween Deko si mer gutt viru komm. Net nëmme Kanner konnten hirer Kreativitéit hei freie Laf loossen, mais och eis Educateuren an Educatricen.

    Weider Aktivitéiten déi des Woch um Plang stounge ware Rollespiller, blannen Parcours, Yoga, Dancebattle, Talentshow, Quiz, Stadt Land Fluss an de Projet vun der Gebärdensprooch.


  • Grand Rue

    Recap Talentshow Woch 1

    Haut war déi éischt Show vun eiser Talentshow. Et ware ganz vill Kanner am Publikum present an och vill wou hiert Talent ënner Beweis gestallt hunn. Vun Sangen, Danzen a Magie war alles dobäi. Kanner sinn alleguer eng Ronn weider komm a kennen sech elo schonn ob déi 2. Ronn preparéieren.

    Hei gesitt der da puer Andréck vun den Talenter vun eise Kanner.


Première Précédente Suivante Dernière