Infos parents
Kalenner
Zum KalennerActualités
- Galaxy
Invitation AFTERWORK
Heimatt invitëiren mir Iech, d'Elteren vun den Kanner aus eiser Maison Relais HIGHLANDER, haerzlechst opp eisen allerlechten AFTERWORK fir d'Schouljoer 2017/2018.
Mir wëllen Iech op desem Wee net nëmmen Merci soen fir dëi gudd Kooperatioun tëschent Maison Relais an aererseits, mais mir wëllen Iech och Merci soen fir aer Ënnerstëtzung vun eisen Kannerprojeen, Fester, Aktiounen, Elternowender, Afterworks asw.
Aus desem Grond bidden mir een allerlechten Afterwork mam Thema "I LOVE SUMMER RETRO".
Heibei waarden nierwent Fingerfood, Gedrënks, Cocktails, Kuch och dëi passend summerlech RETRO Musikk op irch.Dobei kënnt dir Iech net nëmmen an engem gemiddlechen Kader mat aaneren Elteren an dem Personal austauschen MAIS dir kënnt gleichzeitech eisen neien Chef, den chargé de direction vun der Maison Relais. den Haerr LUCA TOMMASI kennen lëiren.
Mir freen eis op Iech.
PS : Summerlecht Gezei oder RETRO Kleedung as fir desen Dag selbtverstendlech och haerzlech wëllkomm.KUERZ GESOOT : D'GOLDKETTEN, D'HAWAIHIERM an DEN ROSA FLAMINGO DIERFEN AUS DEM TIRANG GEHOLL GINN ;)
D'ERZËIEREQUIPE MAISON RELAIS HIGHLANDER 2017/2018 - Galaxy
Eisen SUPERHELDEN Atelier mam Jérôme
Mir Kanner hun eis eng Aktivitéit mam Hulk, Spiderman, d‘Guardians Of The Galaxy an sëllechen aneren Marvel Comichelden gewënscht. Aus desem Grond hun mir vum Jérôme een ganzen Atelier mam Thema „SUPERHELDEN“ proposéiert kritt fir deen mir eis Donneschdes, den 5ten Juli, fir am Konschtatelier anschreiwen konnten.
Heibäi konnten mir frei eraussichen waat mir wéi matt wéiengen Superhelden bastelen oder moolen wéllen. Den Jérôme huet eis e puer Proposen gewisen an duerno ass et lassgaangen. Kuck Iech eis Wierker hei an der Fotogallerie roueg un. Biller schwetzen bekanntlecherweis méi wéi 100 Wierder ! =)
HIGHLANDER UNITED - Galaxy
Bon appétit mam Ramka (Atelier Kichen)
Dësen Donneschden, den 5ten Juli 2018, konnten dëi Kanner dëi sech fir den ATELIER KICHEN angeschriwwen hun nees leckert Iessen zesummen mam Ramka preparéiren. Des Kéier stung Freestyle Cooking um Programm. Dowéinst hun d‘Kanner „armer Ritter“ , och nach pain perdu genannt, preparéiert.
Duerno as als Zweet eng Aart Teigfladen (Teigtaschen) an der Pan gebrooden gin.
Den pain perdu an d‘Teigfladen sin et dunn um 16:00 Auer z‘iessen gin.
BON APPÉTIT ! - Galaxy
LASEP CYCLE 2 + CYCLE 3 : RALLYE
Desen Dënschden, den 3ten Juli 2018, war nees LASEP Zeit fir den Cycle 2 an Cycle 3.
Des Këier war eng flott Rallye am Ellergronn um Programm. Heibei stungen net nëmmen Spaass, wonnerbart sonnecht Wierder, mais och nach allerlee Spiller, Geschëcklechtkeetsübungen an Quizfroen um Programm. Natierlech hun mir semtlech Aufgaben an Froen matt Bravour gemeechtert an sin no zirka 2 Stonnen flotter Rallye nees zrëck an eis Maison Relais Highlander gaangen. Hei huet opp eis Abenteurer eng gudd Schmier gewaart. Genee dëi richtech Stärkung, dëi mir no sou enger flotter Rallye am Bësch gebraucht hun !
PS : Dass mir kuerzzeitech den falschen Wee angeschloen hun, war natierlech vun eisen zwee begleedenden Educateuren dem Venancio an dem Jérôme gewollt....
selbtstverstendlech fir eis ze testen ;)