Infos parents
Kalenner
Zum KalennerActualités
- Galaxy
SUPERJHEMP RETÖRNS : Interview mam Felix Koch (Regisseur+Dréibuchautor vum Film)
Donneschdes de 15ten November war et endlech souwäit !
De Felix Koch, Dréibuchauteur an Realisateur, vum Film „Superjhemp Retörns“ ass am Kader vun eise Minireporter bei eis, an d‘Maison Relais GALAXIE, fir een Interview komm.
Nodeems mir voller Freed de Film „Superjhemp Retörns“ , dee momentan voller Succès am Kino leeft, kucke waren, huet de Felix sech eise sëlleche Froe gestallt.
Heibäi huet de Felix sech ganz vill Zäit geholl an huet eis och gewise wéi d’Filmmusek entstanen ass.
De kompletten Interview mat ALLEN Froen , ALLEN Entwerten PLUS matt weidere flotte Biller an Impressioune fannt dir an eiser Maison Relais Zeitung mam Numm STAR MARS NEWS, déi deemnächst eraus kënnt.
Mir soen dem Felix Merci fir seng Zäit, seng Motivatioun an natierlech fir säi gudde Superjhemp Film.
Mir hoffen de Felix deemnächst mat engem neie Filmprojet an mat neie Froen bei eis begréissen ze dierfen.
Star Mars News Team
MAISON RELAIS GALAXIE - Galaxy
EISEN WOCHENPROGRAMM 12.11.-16.11. MR GALAXIE
Méinden :
12:00-14:00 "Gesellschaftsspiller mam Lejla + Venancio (Atelier Freestyle)
16:00-18:00 „Mir maachen lecker Orangenjus“ mam Ramka (Atelier Taste)Dënschden :
14:00-16:00 LASEP Cycle 1 mam Soraya + Lejla
14:00-16:00 "Mir bastelen fir eisen Chrëschtbahm um Escher Wantermaart" mam Cathy + Jérôme (Atelier Créatif)
Mëttwoch :
12:00-14:00 "Ech erzierlen dir eng Geschicht“ mam Christiane (Atelier Bicherwuerm)Donneschden :
14:00-16:00 "STAR MARS News : Den Felix Koch , Realisateur vum Superjhemp Retörns Film, stellt sech eisen finalen Froen am Interview“ mam Jérôme + Alex
14:00-16:00 „Mir baken Wanterkichelcher" mam Christiane + Lejla (Atelier Taste)Freiden :
12:00-14:00 "Just Dance – Komm an danz mat „ mam Soraya + Lejla (Atelier Freestyle)
16:00-18:00 "Kulturbauen“ mam Venancio (Atelier Konstrukto)
16:00-18:00 "Film als Oofschloss vun der Woch" (Atelier Freestyle) - Galaxy
Eisen Wochenprogramm 22.10.-26.10.2018 MR GALAXIE
Méinden :
12:00-14:00 "Pantomimchallenge“ mam Venancio + Jérôme (Atelier Freestyle)
16:00-18:00 „Mir maachen lecker Uebstzalot“ mam Ramka (Atelier Taste)Dënschden :
14:00-16:00 LASEP Cycle 1 mam Nadine + Ilenia
14:00-16:00 STAR MARS News Zeitung mam Jérôme
14:00-16:00 „sortie pédagogique : YOGA" mam Christiane + Cathy
Mëttwoch :
12:00-14:00 "Ech erzierlen dir eng Geschicht“ mam Nadine (Atelier Bicherwuerm)
16:00-18:00 „Spiller am Haff" mam Venancio + AlexDonneschden :
14:00-16:00 "STAR MARS News : Mir ginn den SUPERJHEMP RETÖRNS kucken + groussen Interiew mam Felix Koch, dem Regisseur vum Film an mam Myriam Schmit vun Samsa Film
14:00-16:00 „Mir pimpen d'Maison Relais" mam Venancio (Gank)
14:00-16:00 „Mir baaken Banannenmuffins" mam Ilenia (Atelier Taste)Freiden :
12:00-14:00 "Just Dance – Komm an danz mat „ mam Alex+ Ilenia (Atelier Freestyle)
16:00-18:00 "Kulturbauen“ mam Venancio (Atelier Konstrukto)
16:00-18:00 „Karaokeparty“ mam Jérôme (Atelier Freestyle) - Galaxy
¨ Optakt mat den Cyclen 2 bis 4 an der LASEP ¨
Den 16 Oktober 2018 war et erem esou wäit mat der LASEP!
Dei Grouss hunn dësen Dënschden beim Basketball, Handball an bei aneren flotten Mini-Spiller participéiert.