Passer au contenu principal Passer au menu principal

Infos parents

Kalenner

Zum Kalenner

Actualités

  • Galaxy

    Schnei-spass!

    Mir waren mam Soraya & mam Ramka eraus an den Schnei spillen. Mir hun suguer en Schneimännchen gebaut. Hei en puer Fotoen:

  • Galaxy

    Mir hun geschter lecker gekacht.

    Mir hun geschter mam Ramka lecker yugoslavesch Spezialitéiten gekacht & zwa « Pljeskavice » an « Čevapćići  »
    mhmm lecker!

  • Galaxy

    Mir ginn an d'LASEP

    All Dënschden ginn mir mat den Kanner vum C1 an d'Lasep turnen. Hei epuer Fotoe zu der Aktivitéit:

  • Galaxy

    Eisen Wochenprogramm 28.01.-01.02. MR GALAXIE

    Méinden :
    12:00-14:00 "lëschtegt Danzen" mam Alex (Atelier Freestyle)

    Dënschden :
    14:00-16:00 LASEP Cycle 1 mam Jérôme + Ilenia
    14:00-16:00 LASEP Cycle 2/3/4 MIR FUEREN SCHLITTSCHONG mam Cathy + Alex + Lejla
    14:00-16:00 "Mir molen Fënsterbiller fir eis Maison Relais " mam Soraya (Atelier Créatif)

    Mëttwoch :
    12:00-14:00 "Ech erzierlen dir eng Geschicht“ mam Lejla (Atelier Bicherwuerm)
    12:00-14:00 „Mir schreiwe Bréiwer un eis Kolleegen aus der Maison Relais Fliedermais (Projet Joy) mam Jérôme  (Atelier Créatif)
    16:00-18:00 "Mir maache lecker Orangëjus" mam Ramka (Atelier Taste)

    Donneschden :
    14:00-16:00 "Upcycling Blummen" mam Sandra (Atelier Créatif)
    14:00-16:00 „Bitte ein Beat : mir maachen eisen eegene Rap“ mam Jérôme (Atelier Bicherwuerm/Mediensall)
    14:00-16:00 „Mir maache Hamburger Pljeskavice an cevapcici" mam Ramka (Atelier Taste)

    Freiden :
    12:00-14:00 "Just Dance – Komm an danz mat „ mam Soraya + Lejla (Atelier Freestyle)
    16:00-18:00 "Film als Oofschloss vun der Woch" (Atelier Freestyle)


  • Galaxy

    Storyboard : Eis Bréiffrëndschaften tëschent der MR Galaxie an der MR Fliedermais (Projet vun der éducatrice Joy aus der MR Fliedermais)




    - Klickt opp STORYBOARD
    - Klickt opp DIASHOW ënne rierts am Eck oder klickt uerwe lenks op d'Soundzeechen



    - Appuyez sur STORYBOARD
    - Appuyez sur DIASHOW ou sur le logo sonor




    Jérôme MR Galaxie

  • Galaxy

    Detox Smoothies

    Dënschdes den 22ten Januar hunn mir zesumme mat eisem Educateur, dem Jérôme Detox Smoothies gemaach. Awer wat ass iwwerhaapt Detox ? Mir hunn dat Wuert nach ni héieren ? An wat huet een dovun ?
    Kuerz erkläert : d‘Wuert Detox kënnt aus dem Englesche vum Wuert detoxification an heescht iwwersat „Entgéfftung“.
    Soumat soll eise Kierper entgéfft gi vu Stress, wéineg Schlof, ongesonder Ernährung (mat Zocker a Fett) etc.
    Et ass och gutt fir eis Organer am Kierper wéi Nieren, Liewer etc.
    Des Kéier stoung um Programm een Detox Smoothie ouni Zocker mat Spinat, Kornischong, Banann, Apel, Blooalgen, Orangen, etc.

    Als d‘éicht hunn mir sämtlech Zutaten gewisen an erkläert kritt, duerno alles gewäsch, an dunn ass et un d‘Schierlen an d‘Schneide gaangen.
    Zum Schluss hunn mir alles gemixt a genoss :)


    MR Galaxie

Première Précédente Suivante Dernière