Kalenner
Zum KalennerNeiegkeeten
- Lallange
Sortie 25.02.21 Grupp2
Haut waren mir mat den Kanner am gudden Wieder ennerwee. Mer hun en klengen Spazeiergang gemach an sin dono op eng Spillplaaz gangen. D'Kanner kruuten Wasser an puer Kichelcher zweschenduerch.
Stefania, Saska - Lallange
Es wird bunt!
Haut hun mer mat den Kanner vum Grupp 2 eis Mauer fum Sall mei farweg dekoreiert. Dei Mauer war emmer kaal an eidel waat eis dozou bruecht huet bessen mei Faarw an den Sall ze brengen. Den Kanner huet daat richteg Freed gemach an se waren ganz motiviert dobei. Sie selwer sin op deser flotter Idee komm an hun selwer decideiert waat lo op dei Mauer kommen soll. - Lallange
Mit den Lallinger Bötchen unterwegs
Haut sin mir mat eisen selwer gebastelten klengen Booter rausgaang an hun dei an engem groussen Pull Wasser zesummen schwammen geloss. DˋKanner waren richteg begeeschtert an wollten nach mei Booter bastelen fir dei doheem och schwammen ze lossen.
Fir des Booter sin och net vill Materialien benotzt gin. Se gouffen aus Korken gebastelt. - Lallange
Mir waren am Schnei
Nodeems et dei lescht Deeg vill geschneit huet, hun mer entscheed eng kleng Sortie an den Schnei mat den Kanner ze machen. D'Kanner hun sech richteg amuseiert an hun Schneimäannecher gebaut an kleng Schneischlachten gemach. - Lallange
Projet: Zait fir mech
All Donneschten fun 13h30 bis 14h30 fennt den Projet "Zait fir mech" statt, wou d' Kanner, d'Meiglechkeet hun hier Rouhmomenter ze hun an wou se mat eis Educateueren individuell Gespreicher feieren kennen, fir hieren Bedürfnisser nozegoen. - Lallange
Mir bastelen en Kerzenstänner
Haut gett mat den Kanner en selwer gebastelten Kerzenstänner hiergestallt.
Fir dass d´Kanner en klengt Bild hun wei dest keint ausgesin, gin hinnen puer Beispiller gewisen.
Fir des Bestalaktiviteit kennen verschidden Materialien benotzt gin. Fir d´eischt gett awer eng Kerz op enger aaler CD gepescht an doropshin kennen d´Kanner hieren Kerzenstänner selwer dekoreieren. Materialien dei hinnen zur Verfügung stin sin: Perlen, Glitzer, Knäpp, Muschelen asw.