Infos parents
Neiegkeeten
- Parc Laval
Mir genéissen déi éicht Sonnestraalen op der Spillplaatz
Haut war, no engem laangen Wanter, endlech ee wonnerschéinen Fréihjoersmueren. Dofir hun mir ais mat Zäiten op den Wee gemaach, fir d'Sonn ze genéissen. Mir sin op ais cool Spillplaatz spazéiert, bei der Jean-Jaurès Schoul.
Mir sin geklootert, gerutscht, geklunscht,hun och nach ë puer Turnübungen gemaach, an d'Sonn an aisem Gesiicht genoss.
Dobäi sin dei witzechst Fotoen entstaanen. - Parc Laval
Yoga fir Kanner
Haut den Mëtten hun mir vum gudden Wieder profitéiert, fir ais Yogastonn am Park ze maachen.
Mir hun ais Käertecher mat eraus gehol.
Zesummen hun mir dann gekukt, wéieng Übungen mir Loscht hun ze maachen.
All Kéiers konnt een aanert Kand déi nächst Übung virweisen.
D'Kanner hun d'Übung dann nogemaach.
All Übung heescht aanecht, zum Beispill dën Léiw: do sëtzen mir op den Knéien an strecken och d'Zong eraus.
Bei enger aanerer Übung stin mir op engem Been an versichen d'Balance ze haalen.
Zum Schluss hun mir ais op den Buedem geluecht an hun den Villercher nogelauschtert. - Parc Laval
Projet : Mier saen verschidden Somen an zuechten
Un Hand vun klengen Gewaechsheiser , Somen, Aerd , Wasser setzen mier verschidden Uebst, Gemeis an Pflanzen. - Parc Laval
EI, ei, ei, dën Ouschterhues war hei!
Ei, ei, ei, dën Ouschterhues war hei!
Dën Mueren war wéi versprach dën Ouschterhues hei. Mir sinn lues zur Dier erakomm, an tatsächlëch: dën Dësch war gedeckt. Et waren grouß Chocolats Ouschterhuesen um Dësch, eng lecker Brioche an Form vun engem Huesi, Chocolatseeër an ais Eeër, déi mer ë Freiden gefierwt haaten.
Mir hunn ais all zësummen un dën Dësch gesaat an hunn ais dën leckeren Kichelchen gutt schmaachen gelooss, mmmmmh!
Noom Iessen sinn mir dann ais gebastelt Näschter kucken gaangen, déi waren och gefëllt mat läuter leckerem Ouschterchocolat.
Merci léiwen Ouschterhues, dass du däin Verspriechen gehaalen hues, an bis nächst Joer!
Schéin Ouschteren! - Parc Laval
Aist Ouschternascht
Haut hunn mir ugefaangen, aist Ouschternascht ze bastelen. Mir hunn mat Hëllef vun enger klenger Pompel aisen Loftballon opgebloosen. Dann hunn mir aisen Ballon op eng Schossel gestallt, fir dass en ais net fort rullt. Mir hunn Krepppabeier an Stécker gerappt, läuter verschidden Faarwen déi mir ais firdrun nach äusgesicht hunn. Mat Pinsel an Colle hunn mir dann den Ballon bepinselt, an den Krepppabeier drop gedréckt. Wéi aisen Ballon dën Daag duerno drëschen war, an mir dran gepickt hunn fir dass d'Loft eräusgeet, hunn mir leider missen feststellen dass et net dën richtëgen Colle war. Dën Ballon ass nämlëch pechen bliwwen, an aist Wierk ass an sech zësummengefall.Also hunn mir nach eemol missen vun fiier ufänken!Dës Kéier hunn mir Paap mat Waasser opgeréiert. Dunn hunn mir Zeitungspabeier gerappt, well den méi stabil ass wéi dën Krepppabeier. Alt erem déi selwëcht Prozedur wéi beim Colle: Paap op dën Loftballon, Zeitungspabeier drop gepecht, an gehofft dass et dës Kéier geklappt!Dën Daag duerno hunn mir ais Acrylfaarwen äusgesicht, an aisen Zeitungspabeier domat bemoolt an denen schéinsten Ouschterfaarwen.Nach een Daag méi spéit war d'Spannung grouß! Mir hunn mat enger Nool an den Loftballon gepickt, uff et huet geklappt! Mir haaten aist Ouschternascht.Wat dën Ouschterhues elo domat mëcht, ginn mir dën 29. Mäerz gewuer...